“Il y a un petit pincement au coeur”, seet de Fabrice Furgala, Gérant vum Cactus Lalleng, wéi en eng Woch nom Zouspäre vum ale Gebai erëm heibanne steet.
Wärend op der anerer Stroossesäit den neie Supermarché seng Diere schonn ophuet, sinn d’Opraumaarbechten am ale Gebai nach laang net ofgeschloss. E ganze Mount sinn d’Ekippe parallel zu der Aarbecht am neie Cactus och mam Ausraume vun den ale Regaler beschäftegt. Wéi dat ausgesäit, gitt Dir am Video gewuer.