D’Liewensmëttelindustrie reagéiert op den Trend a bitt eng large Gamme u Produiten un, déi entspriechend gelabelt sinn. Bei de Mëllechproduiten hunn d’High-Protein-Varianten 2020 ganzer 34% vum Ëmsaz an Däitschland ausgemaach. Mir hu verschidde Produite matenee verglach.
Skyr ass en traditionelle Mëllechproduit aus Island. Dëse kascht ronn 5 Euro pro Kilo an huet 11 Gramm Protein pro 100 Gramm. Änlech vill Eewäiss huet och den High-Protein-Pudding. Dee kascht allerdéngs bal dat duebelt.

De Mënsch brauch am Dag op d’mannst 0,8 Gramm Protein pro Kg Kierpergewiicht. Dat wäre fir eng Persoun vu 70 Kg, 56 Gramm Eewäiss.

Mir hu bei der Dieteticienne nogefrot a si sot: “Hannert dëse Produite stécht scho ganz vill Marketing.”