Dir sidd gefrot!Wat waren Är interessantst, witzegst, skurrilst oder aussergewéinlechst Vakanzenjobs?

RTL Lëtzebuerg
Fir vill Lëtzebuerger huet et an der Jugend dozou gehéiert: Sech an der laanger Summervakanz e puer Suen dobäizeverdéngen. Ma grad an där Zäit, kann ee villes erliewen.
© Alexanderstock23/Shutterstock

Et war e schéint Täschegeld wärend dem laange Summer an deels konnt ee sech domadder dat finanzéieren, wat ee gäre wollt hunn: En neien Handy, eng kleng Vakanz mat der Partnerin oder dem Partner oder et hat ee Geld, fir bei de Permis oder en Auto bäizeleeën.

Ma dacks goung et bei dësen Jobs awer net just ëm d'Geld. Et huet ee kleng Erfarunge konnte sammelen an eventuell huet een duerch e Vakanzenjob seng Passioun fonnt, an där ee spéider emol selwer geschafft hunn.

E jonke Mataarbechter sträicht eng Mauer un.
E jonke Mataarbechter sträicht eng Mauer un.
© Blodstrupmoen/Shutterstock

Och eppes anescht awer gehéiert zum Summerjob fir Schüler a Studenten dozou: skurril, witzeg, interessant oder aussergewéinlech Momenter. A genee dës Siche mer. Egal, ob et eenzel Situatioune waren, verschidden Tâchen op der Aarbecht oder eben och e komplette Vakanzenjob. Schéckt eis déi Anekdoten, déi der och haut nach Äre Frënn a Kolleegen erzielt.

Är Erfarunge si gefrot:

Wat war Äre witzegsten, skurrilst, interessantsten oder aussergewéinlechste Vakanzenjob respektiv Moment an engem Vakanzenjob, deen Dir jee erlieft hutt?

Back to Top
CIM LOGO