Zwéi Frënn gesinn sech no puer Joer,
wéi dann deen een deen aner freet,
ob dat alt nach am Stot sou geet.
Deen äntwert, ‘t wier eng Cola-Saach:
d’éischt hätt sech alles fein gemaach,
‘t war fein a gutt a schéin normal;
du kumm de ‚light‘ wéi bei deem och;
haut ass et ‚zéro‘… oder bal.
Mä fréier… dräimol an der Woch!