Viru 25 JoerWéi d'Welt mat der Noriicht vum Doud vun der Lady Diana wakereg ginn ass

RTL Lëtzebuerg
Um Moie vum 31. August 1997 - viru genee 25 Joer - si Schockwelle ronderëm d'Welt gaangen.
© AFP/Archiv/VINCENT AMALVY

Wéi d’Noriicht vum Dout vun der 36 Joer aler Lady Diana fir d’éischt iwwer d’Tëlee- a Radiostatiounen iwwerdroe gouf, ass fir vill Leit d’Welt fir ee kuerze Moment stoe bliwwen. Eng kollektiv Trauer, wéi déi an den Deeg a Wochen no der Prinzessin hirem Doud, sicht bis haut hiresgläichen.

25. Doudesdag vun der Lady Di

D'Queen an de Prënz Philip kucke sech d'Blummen un, déi nom Doud vun der Lady Diana virum Kensington Palace néiergeluecht goufen.
D’Queen an de Prënz Philip kucke sech d’Blummen un, déi nom Doud vun der Lady Diana virum Kensington Palace néiergeluecht goufen.

Ugefaangen huet d’Geschicht vun der “Lady Di” am Joer 1981. Bis dohin e relativ onbekannt a schei wierkend Meedchen aus enger adeleger Famill, gëtt d’Diana Spencer mat hirer Verlobung mam Prënz Charles iwwernuecht zu enger Berüümtheet an engem beléiften Zil fir d’Boulevard-Press. Der Hochzäit vun der Koppel an der St. Paul’s Cathedral zu London kucke weltwäit ronn 750 Millioune Leit op der Tëlee no.

Ronn ee Joer no der Hochzäit gëtt de Prënz William gebuer, den zukünftege britteschen Trounfollger. Iwwer d’Joren avancéiert d’Lady Diana ëmmer méi zum enger Ikon - national, wéi och international.

Aus enger jonker Fra gëtt eng Prinzessin: D'Diana Spencer bestiet hire Prënz Charles an der St. Paul's Cathedral zu London, 1981.
Aus enger jonker Fra gëtt eng Prinzessin: D’Diana Spencer bestiet hire Prënz Charles an der St. Paul’s Cathedral zu London, 1981.
© POOL/AFP

Dobäi war et net just hir empathesch Aart a Weis a hire besonnesche Bléck, deen d’Leit gepaakt huet - mat der jonker Prinzessin ass neie Wand an déi al Institutioun agezunn. Si huet sech un Theemen eru getraut, déi bis dato Tabu waren.

Onvergiess ass zum Beispill hire Besuch op der Aids-Statioun vun enger Klinik zu London am Joer 1987. An enger Zäit, an där d’Angscht virun der déidlecher Krankheet op hirem Héichpunkt war, huet d’Prinzessin an aller Rou d’Hänn vun de Patiente gerëselt an huet domat e kloert Zeeche gesat.

Och wéinst hirem éierlechen Ëmgang mat perséinleche Problemer koum d’Lady Diana Spencer gutt u bei de Leit. Esou huet si zum Beispill iwwert hir Erfarunge mat Depressiounen a Bulimie geschwat.

Hiren Erfolleg hat awer och negativ Aspekter, déi d’Prinzessin iwwer d’Joren ëmmer méi ze spiere krut. D’Trennung vun hirem Mann, dem Prënz Charles, huet ee grousse Skandal ausgeléist. Wéi keng aner Persoun gouf d’Lady Di duerno vu Paparazzi verfollegt a souguer reegelrecht gejot.

Och um Moie vum 31. August 1997 hunn d’Paparazzi nom déidlechen Accident vun der Prinzessin net laang op sech waarde gelooss. Nieft der 36 Joer aler Lady Di koum beim Accident am Tunnel ënnert dem Pont Alma zu Paräis och hiren deemolege Frënd Dodi Al Fayed ëm d’Liewen.

Um 1. Juli 2021 - dem Dag, op deem d’"Prinzessin vun den Häerzer” 60 Joer gi wier, hunn hir zwee Jongen d’Prënze William an Harry am Gaart vum Kensington-Palast eng Statu zu Éiere vun hirer Mamm devoiléiert.

© POOL/AFP/Archives/Dominic Lipinski

Back to Top
CIM LOGO