Ëmmer méi AccidenterWéi eng Reegelen ee beim Schwammen anhale soll

RTL Lëtzebuerg
Ëmmer nees héiert ee vu Leit, déi beim Schwammen déidlech veronglécken. An Däitschland gouf et dëst Joer esou vill Doudeger bei Schwammonglécker wéi zanter 2003 net méi.
Schwammen an der Seine zu Paräis
© ROMAIN PERROCHEAU / AFP, DJOUDI HAMANI / HANS LUCAS / HANS LUCAS VIA AFP

D'Deutsche Lebens-Rettungs-Gesellschaft (DLRG) huet en Tëschebilan vun den déidlechen Accidenter beim Schwamme gezunn an erkläert, wéi een esou Onglécker vermeide kann.

261 Doudeger a siwe Méint

An Däitschland koumen op d'mannst 261 Leit an den éischte siwe Méint vun dësem Joer beim Schwammen ëm d'Liewen – 15 Fäll méi wéi am Vergläichszäitraum vum Joer virdrun.

Kee gudde Bilan, esou d'DLRG-Presidentin Ute Vogt: "Kucke mer nëmmen déi bis ewell dräi Méint vun der Schwammsaison, gouf et iwwer 30 Doudesfäll méi wéi virun engem Joer. Besonnesch am Juni koum et zu enger dramatescher Hausse un Accidenter."

Virun allem déi héich Zuel un Doudesfäll am Mount Juni an dat jonkt Alter vu villen Affer géinge beonrouegen. Eleng am Juni waren et op d'mannst 101 Doudeger – méi Fäll gouf et nëmmen am Hëtztsummer 2003. Ronn 90 Prozent vun den Doudesfäll wieren a Gewässer am Banneland geschitt, déi fräi zougänglech sinn – grad a Séien a Flëss.

Ëmmer méi Jonker

Wat opfält ass, datt ëmmer méi jonk Mënschen ënnert den Affer sinn, ronn all Drëtten ass net méi al wéi 30 Joer al. Bei den 11 bis 30 Joer Ale louch den Undeel vun de männlechen Affer bei 95 Prozent, am Ganze si ronn 85 Prozent vun de verongléckte Leit männlech.

"Duerch liichtsënnegt Verhalen – dacks a Verbindung mat Alkohol an aneren Drogen – kënnt et ënner Jongen a jonke Männer ëmmer nees zu Schwammonglécker", betount d'Ute Vogt.

Anerer kéinten net oder kaum schwammen a géinge sech komplett onnéideg a Liewensgefor bréngen. Bei eelere Schwëmmer wieren dacks gesondheetlech Virerkrankungen Ursaach fir Schwammonglécker, awer och Selbstiwwerschätzung an net genuch Virsiicht.

Schwammonglécker evitéieren:

Den Appell vun der DLRG ass dowéinst, sech net selwer iwwerschätzen a Reegelen anhalen, wéi zum Beispill:

  • nëmmen op Plaze schwammen, déi iwwerwaacht sinn
  • ni iwwerhëtzt an d'Waasser goen, sech amplaz virdrun ofkillen
  • Stréimungen evitéieren
  • Net ënner Drogenafloss schwammen
  • Kanner ni aus den Ae loossen an op Matmënschen oppassen
  • beim Waassersport wéi Kajakfueren am beschten eng Schwammwest undoen
Back to Top
CIM LOGO