Optakt vun der SpargelsaisonWéi kënnt de Spargel an de Supermarché?

RTL Lëtzebuerg
Zu Hënsdref ass dat gréisste Spargelfeld am Land. Ma wéi kënnt d'Geméis vun do aus an de Supermarché?
Wéi kënnt de Spargel an de Supermarché?
Zu Hënsdref ass dat gréisste Spargelfeld am Land. Ma wéi kënnt d’Geméis vun do aus an de Supermarché?

Den Yves Hoffmann huet zesumme mat senger Fra Cathy Bisenius de Betrib zu Hënsdref vu sengem Papp Jos Hoffmann iwwerholl. Niewent dem Päerdsstall an dem Koustall këmmere si sech zanter 2018 och ëm d’Spargelfelder. Wärend ongeféier 2 Méint, vun Enn Abrëll bis Enn Juni ginn hei 400-500 Kilo Spargel den Dag gestach. An dat op enger Fläch vun iwwer 9 Hektar.

Wéi eng Erausfuerderungen et dobäi ze bewältege ginn a wéi d’Geméis vum Feld an de Supermarché kënnt, gitt Dir am Reportage gewuer.

Back to Top
CIM LOGO