VesakhWeltwäit dee wichtegste buddhistesche Feierdag

RTL Lëtzebuerg
Traditionell gëtt d'Fest um éischte Vollmound-Dag am Mee gefeiert, deen dëst Joer op den 23. Mee fält.
Aus dem Stoff bitzen d'Fraen dee buddhistesche Fändel.
Aus dem Stoff bitzen d’Fraen dee buddhistesche Fändel.
© LAKRUWAN WANNIARACHCHI / AFP

Am Joer 1999 gouf Vesakh, fir seng Bedeitung a seng buddhistesch Contributioun zur Weltkultur ze honoréieren, esouguer vun der UN-Generalversammlung als internationale Feierdag unerkannt.

Am Buddhismus ass et dee wichtegste Feierdag iwwerhaapt. An och wann e plazeweis anescht geschriwwe gëtt - Vesakh, Visak oder Wesak - an och emol liicht ënnerschiddlech gefeiert gëtt, geet et allgemeng dorëms, d’Relioun siichtbar an d’Ëffentlechkeet ze droen. Als Symbol fir déi weltwäit buddhistesch Eenheet gëtt och dacks den internationale buddhistesche Fändel gehisst.

Aus dem Stoff bitzen d'Fraen dee buddhistesche Fändel.
Aus dem Stoff bitzen d’Fraen dee buddhistesche Fändel.
© LAKRUWAN WANNIARACHCHI / AFP

D’Gebuert vum Buddha, seng Erliichtung a säi Parinirvana

Den Numm Vesakh bezitt sech op de Mount Visakha. D’Fest staamt ursprénglech aus der buddhistescher Traditioun Theravada an erënnert un dem Buddha seng Gebuert, u seng Erliichtung, den Nirvana, an u säi Parinirvana, also säin Austrëtt aus dem Kreeslaf vun der neier Gebuert.

D’Fest gedenkt dem Siddhartha Gautama, besser bekannt als Buddha, an deenen dräi wichtegen Evenementer a sengem Liewen. Deemno nennt ee Vesakh och dat “dräimol hellegt Fest”.

Wéi gëtt gefeiert?

Allgemeng gëtt a verschiddenen Uertschaften a Regiounen ënnerschiddlech gefeiert. Fir vill Buddhisten ass et awer üblech op Vesakh an en Tempel ze goen, fir ze meditéieren, d’Buddha-Statuen ze wäschen, an Opfergaben dohin ze bréngen. Duerch dës erhofft ee sech gudde Karma.

Verschiddener zitéieren de Buddha, hale Presentatiounen, organiséiere Prozessiounen an Zeremonien. Virun allem a Südostasien gi Statue vum Buddha mat Blummen, Luuchten a Fändele gerëscht a mat enger Prozessioun duerch d’Stroosse gefouert.

Weider ass et üblech, wärend dem Fest besonnesch gutt mat Déieren ëmzegoen. Esou ginn zum Beispill Vigel, déi op der Strooss verkaf ginn, aus hirem Käfeg fräi gelooss. Als Zeeche vun der Erliichtung ginn och dacks Lampione fléie gelooss oder Käerzen ugefaangen. Anerer schenken aarme Leit Liewensmëttel oder gi Blutt spenden.

Op verschiddene Plazen, wéi zum Beispill a Sri Lanka, gëtt Vesakh net nëmmen op engem Dag gefeiert, mä direkt ronn eng Woch laang. Besonnesch gleeweg Persoune reesen an dëser Zäit op Lumbini am Nepal, wou de Buddha soll op d’Welt komm sinn. Weider spillt de Feierdag och an Thailand, am Myanmar, am Tibet an a China eng wichteg Roll.

An Europa gëtt net grad esou faarweg gefeiert, wéi an Asien. Hei geet et virun allem dorëms, fir de Buddhismus ze verbreeden an de Leit vun der Relioun z’erzielen. Wa Vesakh op e Wochendag fält, gëtt hei och dacks eréischt op engem Samschdeg zelebréiert.

Déi fënnef Geboter

Schlussendlech ass et fir all buddhistesch Persoun wichteg, op Vesakh déi fënnef Geboter anzehalen:

1. Kee Liewewiesen ëmbréngen oder blesséieren: kee Mënsch, keen Déier a keng Planz

2. Net klauen

3. Abstinenz üben a seng Fra respektéieren

4. Net léien

5. Keng Drogen a keen Alkohol consomméieren

Sourcen

Weider Deeler aus eiser Serie iwwer déi verschiddenst Feierdeeg a Fester

Back to Top
CIM LOGO