Hätt Dir dat gewosst?Wisou kritt een den Hick?

RTL Lëtzebuerg
Ze séier giess, ze vill Alkohol gedronk oder einfach aus dem Näischt - Den Hick kann ee mol nerven. Dobäi ass et en einfache Reflex vum Kierper.

Schold um Hick ass eist Zwerchfell. Dëst ass e flaache Muskel tëscht dem Broscht- an dem Bauchraum an ass fir d’Ootmung zoustänneg. Ouni d’Zwerchfell kéinten d’Mënschen net ouni Maschinnen ootmen. Dëse Muskel verännert nämlech den Drock op d’Longen an erméiglecht et doduerch, dass Loft an d’Longe kann opgeholl ginn.

Wann d’Zwerchfell sech verkrampft, kënnt et zu dem Reflex, dee mir als Hick kennen. Heibäi otemt een onreegelméisseg an am Keelkapp mécht en Deel sech zou. Doduerch gëtt d’Ootmung kuerz ënnerbrach an d’Geräisch, also den Hick, entsteet.

Geféierlech ass dat an der Reegel net an den Hick hält meeschten no kuerzer Zäit vum selwen rëm op.

Den Hick séier nees lassginn

E Geheimrezept gëtt et net, fir dass de penibele Reflex séier fortgeet. Et ginn awer eng Partie Tipps, déi een ëmmer erëm héiert. Esou soll een d’Loft fir 10 Sekonnen unhalen oder e Glas kaalt Waasser drénken. Soss kann een nach versichen d’Knéien un d’Broscht ze zéien a sech no vir ze bécken. Esou soll de Broschtraum zesummegedréckt ginn. Natierlech gëtt et och nach de Mythos, dass den Hick verschwënnt, wann ee sech erschreckt. Dës Methode sinn awer net wëssenschaftlech beluecht.

Eemol liewenslänglech den Hick hunn?

Bei deene meeschten ass den Hick an e puer Minutten oder bannent engem Dag erëm fort. Beim Amerikaner Charles Osborne war dat awer net de Fall. De Mann soll 68 Joer laang den Hick gehat hunn. Den Amerikaner, deen 1991 verstuerwen ass, hat et mat sengem chroneschen Hick souguer an d’Guiness World Record gepackt.

____________________________________________________

An eisem neie Format “Hätt Dir dat gewosst?” beäntwere mir allméiglech Zort vu Froen, déi ëmmer rëm opkommen oder déi een sech einfach mol am Alldag stellt.

Dir huet eng Fro, da schéckt eis se hei eran.

Back to Top
CIM LOGO