Hätt Dir dat gewosst?Wisou maache mir d'Musek méi lues, wa mir den Auto parken?

RTL Lëtzebuerg
D'Musek erofschrauwe fir besser ze gesinn - déi Situatioun kenne warscheinlech vill Leit, wa si mam Auto ënnerwee sinn.

Wëssenschaftlech erfuerscht ass dat ganzt nach net. Fest steet awer, dass eng ganz Partie Leit dat maachen.

Eng méiglech Erklärung ass, dass mir eis beim Parken immens musse konzentréieren. Et wëll een de Potto net erwëschen oder den Auto hannendrun net técken. Den Ament sinn eis Ae gefrot an et muss ee vu Spigel zu Spigel kucken. Dobäi ass dëse Sënn esou gefrot, dass de Kierper versicht aner Sënner ze entlaaschten. Wann dann nach haart Musek am Hannergrond leeft oder de Bäifuerer vu sengem leschten Iessen erzielt, kann dat e bëssen ze vill Informatioun fir d’Gehier sinn.

Et versicht een also, méiglechst vill Facteuren ze eliminéieren, déi een oflenke kéinten. Doduerch, dass een d’Musek méi lues dréint, gesäit een also souzesoe besser.

____________________________________________________

An eisem neie Format “Hätt Dir dat gewosst?” beäntwere mir allméiglech Zort vu Froen, déi ëmmer rëm opkommen oder déi een sech einfach mol am Alldag stellt.

Dir huet eng Fro, da schéckt eis se hei eran.

Back to Top
CIM LOGO