
Wann ee sech verschléck, kann dat richteg onangeneem sinn. Mä wat genee geschitt dobäi an eisem Kierper?
Verschlécke geschitt eis meeschtens beim Iessen oder Drénken. Heibäi kritt ee wuertwiertlech eppes an de falschen Hals. Amplaz dass d’Iessen an d’Speiseröre geet, rutscht er an d’Luftröre. D’Iesse veriert sech also an de falschen Tunnel an d’Otemweeër si blockéiert. De Kierper huet dann de Reflex ze houschten, fir de Loftwee ze deblockéieren.
Wéi kënnt d’Iessen an de falschen Hals?
D’Iesse gëtt am Mond geknat a vermëscht sech mat Speechel. Wa mir schlécken, mécht et sech duerch den Oesophage, also Speiseröre, op de Wee an de Mo. Heibäi gëtt d’Entrée vun den Otemweeër duerch eng Klapp zougemaach. Wann dës Klapp beim Schlécken net richteg zougeet, kann Iessen an d’Otemweeër rutschen a mir verschlécken eis.
An de meeschte Fäll verleeft d’Verschlécken ouni Problemer. Et houscht een e puer Mol, an d’Otemweeër sinn erëm fräi.Et kann awer och passéieren, dass d’Iesse queesch oder ze déi sëtzt an doduerch d’Otemweeër blockéiert. Bei Kanner kann dat och passéieren, wa si eng Spillsaach ofschlécken. Am schlëmmste Fall kann een heibäi erstécken. Besonnesch bei klenge Kanner gëtt dowéinst ëmmer gewarnt, dëse keng Spillsaache mat klenge Stécker ze ginn, fir de Risk ze miniméieren.
____________________________________________________
An eisem neie Format “Hätt Dir dat gewosst?” beäntwere mir allméiglech Zort vu Froen, déi ëmmer rëm opkommen oder déi een sech einfach mol am Alldag stellt.
Dir huet eng Fro, da schéckt eis se hei eran.