
Dat well si virun engem Public als DJane opgetruede war obwuel si am Krankeschäi war an déi däitsch Arméi hir verbueden hat, opzetrieden. Déi 27 Joer al Fra kritt elo Refus de Travail an 23 Fäll reprochéiert.
Si ass am Spidol vun der däitscher Bundeswehr zu Berlin als Aide-soignante agestallt, ass allerdéngs schonn zënter Abrëll zejoert krankgeschriwwen. Dat soll si awer net doru gehënnert hunn, ënnert hirem Kënschtlernumm “Anastasia Rose” als DJane opzetrieden a Musekvideoen ze produzéieren.
Dat obwuel hire Superieur hir dat zënter Juli zejoert am Ganzen 10 Mol verbuede soll hunn.