Pro-palästinensesche Protest bei Columbia UniversityZelter kënnen no "Progrèse" bei Gespréicher virop bleiwen

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Büro vun der Uni-Presidentin Shafik en Donneschdeg erkläert, hätt ee "Progrèse" bei de Gespréicher mat de Manifestante gemaach.
© Stephanie Keith / Getty Images North America via AFP

Dës géingen elo “wéi geplangt weidergefouert” ginn. Dofir gouf den Delai fir d’Raume vun den Zelter, deen eigentlech en Donneschdeg um Mëtternuecht ofgelaf wier, verréckelt. Ëm wéi laang, gouf net matgedeelt. “Mir hunn eis Fuerderungen, si hunn hir”, heescht et weider an der Erklärung.

Wéinst der ugespaanter Situatioun am Krich tëscht Israel an der Hamas hunn ëmmer méi Studente op de Campusse vun US-Elite-Unien pro-palästinensesch Protester organiséiert. Ugefaangen op der Columbia University mat Fuerderungen un d’Uni, sech vun Entreprisen ze trennen, déi Relatioune mat Israel hunn.

An der leschter Woch goufen do Dosende Studente festgeholl, nodeems d’Uni d’Police geruff hat, fir de Protest op en Enn ze bréngen. Ënnert anerem hu jiddesch Studenten d’Maniffen als bedreelech bezeechent an op antisemittesch Virfäll bei de Protester higewisen. An deem Kontext reprochéieren Israel-Supporter der Uni, Aschüchterung an Haassried ze fërderen.

Back to Top
CIM LOGO