
D’Parkplaz läit an der Géigend vum Vondelpark am bekannte Muséesquartier, gëtt op der Websäit Funda ugebueden an ass mat 495.000 Euro déi deierst Parkplaz a ganz Holland, sou den hollänneschen RTL en Donneschdeg.
D’Plaz selwer soll an engem zouene Komplex leien, dat “an der berüümtster an exklusiivster Akafsstrooss an Holland”, sou d’Annonce. Alternativ kann d’Plaz an der Hooftstraat, direkt beim Rijksmusée an dem Van-Gogh-Musée gelount ginn, dat fir 750 Euro de Mount.
Och an Holland ass d’Wunnengsnout e vill-diskutéierte Sujet. Enger Etüd vun 2023 no feelen am Land ronn 390.000 Wunnengen. D’Wunnengskris dreift d’Präisser ëmmer méi an d’Luucht. Virun allem a Géigende wéi Amsterdam ass kaum nach eng Wunneng ze fannen, scho guer net fir Leit mat engem klengen oder mëttleren Akommes.
Den Duerchschnëttspräis fir eng Wunneng an Holland läit enger Etüd no bei ronn 430.000 Euro an domadder däitlech ënnert dem Präis vun der Parkplaz vun 18 Quadratmeter. Vill Parkplazen a Parkinge goufe jo an Holland an der lescht zougemaach, fir sou d’Autoen aus de Stied erauszekréien. Dowéinst géifen natierlech d’Präisser bei deene Parkplazen, déi iwwreg bleiwen, klammen.