Weltdag vun der Multipel SklerosZu Esch gëtt et eng Residenz fir Leit mat der Krankheet

Lynn Cruchten
Zu Lëtzebuerg hunn ongeféier 1.000 Leit Multipel Skleros. Weltwäit sinn ëm 2,9 Millioune Persoune betraff.
© https://stream.rtl.lu/data/ondemand/video/e/asset/2024/05/30/d906fd8b-2549-4526-b742-e49ada3542c4_00008.jpg

Den 30. Mee ass de Weltdag vun der Multipel Skleros. MS gëllt als Krankheet mat den 1.000 Gesiichter. Déi neurologesch Krankheet gräift den zentralen Nervesystem un a kann zu Behënnerunge féieren.

Vu Patient zu Patient verleeft Multipel Skleros ënnerschiddlech. Ville Betraffene gesäit een net of, dass si MS hunn. Bei anere féiert d’Krankheet zu Behënnerungen. Si kënnen hir Äerm oder Been net méi richteg beweegen a brauchen deemno wéi e Rollstull. A sou Fäll ass eng adaptéiert Wunneng néideg.

“MSL, Multiple Sclérose Lëtzebuerg” geréiert eng behënnertegerecht Residenz zu Esch. 23 Leit wunnen aktuell do. Ënnert hinnen d’Liz Künzer. Si war 27 Joer jonk, wéi si gewuer gouf, dass si MS hätt. Ugangs wosst si guer näischt doriwwer. Déi haut 62 Joer al Fra huet awer séier geléiert, mat hirer Autoimmunkrankheet an de Konsequenzen dovun ëmzegoen. De Rollstull erlaabt et hir, mobil a sou vill wéi méiglech autonom ze bleiwen. Net ëmmer geet et der Liz Künzer gutt, mee si léisst sech, wéi si selwer seet, net ënnerbotteren. “Ech sinn e Steh-auf-Männchen”, sou déi positiv agestallte Fra.

Den Nicolas Nigro krut seng Diagnos 2005. D’MS-Krankheet hätt sech bei him schläichend manifestéiert, seng Motorik hätt ëmmer méi nogelooss. 2002 konnt hien nach lafen. Haut sëtzt och hien am Rollstull. Hien erkläert, dass hie moies mat enger Batterie erwächt, déi nëmmen zu 10 Prozent gelueden ass. Dofir misst hie seng Energie iwwert den Dag gutt verdeelen.

Och wann an der Residenz “Al Esch” jiddereen seng eege véier Wänn huet, ginn et och Gemeinschaftsraim, wou Aktivitéiten organiséiert ginn oder mol zesumme ka giess oder gefeiert ginn. Eng Ekipp vu Betreier ass daagsiwwer stonneweis sur place, fir de Bewunner ze hëllefen oder si ze beroden.

Back to Top
CIM LOGO