Zanter 2001 fiert se am klenge Moossstab zu Esch Lankelz. D’asbl CFLankelz gouf 1997 gegrënnt an huet sech op de Fändel geschriwwen, d’Schmuelspuerbunn vun deemools nach eemol opliewen ze loossen. Tëscht dem 1. Mee a dem 15.Oktober kann een all Sonndeg - nomëttes tëscht 14 an 17.30 Auer - mat enger Damp- oder Diesellokomotiv fueren. 1,5 Kilometer laang ass de Circuit an den Trajet dauert ronn eng Véierel Stonn. Direkt bei de Fussballterraine vun der US Esch an der Fola zu Esch Lalleng fënnt een déi kleng Eisebunn.
20 Benevoller huet de Veräin. D’Hallschent ass reegelméisseg aktiv. Gesicht ginn awer nach Benevoller, déi Spaass un der Schmuelspuerbunn hunn.