2016 huet d’Croix Rouge hir éischt Boutique Vintage Mo(o)d opgemaach, déi mëttlerweil zu Léiweng hir fest Plaz fonnt huet. Dëst Joer ass zu Nidderaanwen een zweete Buttek dobäi komm. An éischter Linn riicht d’Offer sech u sozial méi schwaach Persounen, mee och Leit, déi generell op Second Hand setzen oder einfach d’Croix Rouge ënnerstëtze wëllen, sinn hei wëllkomm.
Op den éischte Bléck kéint ee mengen, datt et einfach ee weidere Buttek an den Nidderaanwener Arcaden ass, dee rezent seng Dieren opgemaach huet, ma d’Boutique Vintage Mo(o)d funktionéiert awer no engem méi spezielle System. Hei ginn engersäits Saache verkaaft, déi d’Leit zum Beispill an der Spëndchen ofginn hunn an anerersäits kann een d’Saachen och direkt an de Buttek bréngen. Dat hunn um Dënschdegmoien och e puer Leit gemaach.
Wat ass dann d’Motivatioun? Hei d’Äntwert vun enger Fra: “Ma ech hu virun e puer Wochen hei eben d’Enseigne gesinn, wéi ech hei akafe komm sinn. An du hunn ech geduecht, ech hunn eng Tut prett, fir an de Container an dunn duecht ech, da bréngen ech dat hei hinner, well ech am Fong alles vun der Croix rouge wëll ënnerstëtzen. Well ech fannen dat interessant, wann ee bedierftege Leit eppes ka weiderginn oder senge Kleeder een zweet Liewe ka ginn, wat een net méi braucht, well et keeft een alt awer Mol ëmmer rëm Neies. A lo d’Fréijoer de Schaf geraumt, do hat sech bëssi eppes ugesammelt an du hunn ech dat hei hinner bruecht.”
Si kéint sech och virstellen, hei selwer Saachen ze kafen. Dat hunn dee Moien dann och eng Partie aner Leit gemaach, zum Beispill den Daniel, deen zesumme mat senger Frëndin virop un de Kleeder interesséiert ass. Wat mécht dann d’Faszinatioun vun esou engem Second-Hand-Buttek aus?
“Dat ass schwéier ze beschreiwen, einfach d’Nohaltegkeet, gutt Energie an e bëssi eppes Guddes maachen. Ech interesséiere mech och fir d’Moud, ech hunn eng eegen Upcycling-Mark an d’Passioun ass halt 100 Prozent do.”
Am Vintage Mo(o)d gëtt et awer net just Kleeder ze kafen, mee zum Beispill och Dekoratiounsartikelen, Bicher a Kannerspillsaachen. Well d’Leit bezuele mussen, gi virun allem qualitativ héichwäerteg Saachen am Buttek verkaaft, awer och där, déi net ganz dringend gebraucht ginn, well déi ginn op anere Plaze gratis verdeelt. Ma och wann d’Suen, déi an de Second-Hand-Butteker erakommen, geholl ginn, fir déi aner Aktivitéite vun der Croix Rouge ze finanzéieren, sinn d’Präisser awer sozial. Sou kritt een zum Beispill ee puer Schong, dat nei 400 Euro kaschte géing, zu Nidderaanwen fir 45 bis 50 Euro, wéi den Olivier D’Archivio, deen als Vendeur am Vintage Mo(o)d schafft, erkläert. De Profil vun de Leit hannert der Théik ass zimmlech divers, esou de François Authelet, deen als Chargé de direction responsabel fir de Service Aides matérielles et alimentaires bei der Croix Rouge ass.
“On a la chance de pouvoir bénéficier du soutien de l’État via des emplois ADEM, notamment des emplois EMI qui sont subventionnés. Les personnes engagées sous ce statut seront encadrées par des bénévoles. Nous sommes donc en train de recruter une équipe de bénévoles. Nous allons également intégrer des personnes sous le statut de travail d’utilité collective. Ce sont des personnes qui se préparent à intégrer leur premier marché du travail, que nous allons former et qui nous aideront à développer notre activité.”
Och bei de Clientë kéint een net vun engem spezifesche Profil schwätzen. Et wieren all Nationalitéiten an Altersgruppe vertrueden, esouwuel sozial méi schwaach Leit, wéi och Persounen, déi sech einfach fir Second Hand interesséieren.
D’Raimlechkeeten, an deenen de Buttek ass, lount d’Croix Rouge fir e soziale Präis vun der Gemeng Nidderaanwen. Fréier war hei iwwregens eng Bank ënnerbruecht a wou haut d’Wuere gelagert ginn, war den Tresor.