Et ass eng ganz speziell Decouverte. U sech ass et schonn ee Joer hier, datt d’Iwwerreschter a Süd-Däitschland fonnt goufen, ma elo si se der Press am Prähistoresche Musée zu Taufkirchen presentéiert ginn: d’Schanke vu sougenannten Hauer-Elefanten. Bis zu 14 Tonne konnte se schwéier ginn an tëscht 4 a 5 Meter héich - méi wei duebel sou grouss, wéi den Afrikaneschen Elefant.
Déi riseg prehistoresch Rüsseldéieren, och nach Deinotherium genannt, hunn als éischt musse preparéiert ginn, esou datt se och weiderhi sou gutt erhale bleiwen, elo wou se aus dem Buedem sinn an exposéiert ginn. Och déi zwee Bouwen, déi se fonnt hunn, ware bei de Presentatioun derbäi an hunn erzielt, wéi se dat ganzt erlieft hunn. Déi Decouverte wäerte si sécher ni vergiessen.