
Den Himmelskierper dréit den Numm “2011 UL21". D’Distanz, déi tëschent him an der Äerd läit, ass déi 17-fach Distanz tëschent der Äerd an dem Mound. Schonn en Donneschdegowend um 22 Auer Mëtteleuropäescher Zäit ass de “Planéite-Killer” laanscht eis geflunn, dat mat enger Vitess vun 93.000 Kilometer an der Stonn. “Planéite-Killer” oder “Global Killer” ginn esou genannt, well si am Fall vun engem Aschlag onvirstellbare Schued uriichte kéinten, dee méiglecherweis esouguer d’Enn vun der Mënschheet bedeite géif.
E Samschdeg géint 15 Auer eiser Zäit, flitt dann nach e weideren, méi klengen Asteroid laanscht eise Planéit. “2024 MK”, wéi en heescht, ass tëschent 120 an 260 Meter grouss. Hie gouf eréischt de 16. Juni entdeckt a wäert däitlech méi no un eis laanscht zéien, wéi den “2011 UL21". Trotzdeem besteet och hei kee Risk, datt e mat der Äerd kollidéiert. Wien e méi oder manner gudden Teleskop doheem stoen huet an och d’Chance, datt keng Wolleken um Himmel sinn, dee kéint den Asteroid méiglecherweis och gesinn.
Den Zäitpunkt vun dësem hallwe “Besuch” aus dem Weltraum ass iwwregens passend: E Sonndeg den 30. Juni ass den Internationalen Dag vum Asteroid, engem Aktiounsdag dee virun de Geforen aus dem Weltall an iwwer entspriechend Ofwiermossnamen informéiere soll. Gewielt ass den 30. Juni als Datum fir dësen Aktiounsdag, wéinst dem 30. Juni 1908 an dem sougenannten “Tunguska-Evenement”. Bei dësem Virfall koum et an enger Regioun a Sibirien zu immens groussen Explosiounen. Wat genee geschitt ass, ass bis ewell net zu honnert Prozent gekläert, ma vill Wëssenschaftler gi vun engem Asteroiden-Aschlag aus.