Alabama (USA)Zwou Frae verurteelt, nodeems si Stroossekaze gefiddert hunn

RTL Lëtzebuerg
D'"Cat Ladies" aus Alabama hu sech ëm Stroossekaze gekëmmert, si gefiddert a kastréiere gelooss. Elo goufe si fir hire gutt gemengte Gest verurteelt.

Zéng Deeg Prisong op Sursis an eng Geldstrof vun 100 Dollar gouf et fir d’Fraen, déi eigentlech eppes Guddes fir hir Uertschaft maache wollten. Nodeems d’Beverly Roberts an hir Frëndin Mary Alston Stroossekaze gefiddert an agefaangen hunn, huet de Riichter vun der Stad Wetumpka si zur Verantwortung gezunn.

Déi 85 Joer al Beverly Roberts gouf deemno wéinst dem onerlaabten Accès op e Grondstéck a Kaméidi verurteelt. Hir 61 Joer al Bekannte Mary Alston gouf doriwwer eraus och nach wéinst dem Amëschen a Regierungsaffäre verurteelt. Béid Frae kruten zwee Joer op Sursis ouni Iwwerwaachung an d’Prisongsstrofe vun zéng Deeg goufen ausgesat, esou dass si just eng Geldstrof vun 100 Dollar an d’Geriichtskäschten droe mussen.

Wärend dem Prozess haten d’"Cat Ladies” d’Méiglechkeet, sech zum Urteel ze äusseren. D’Beverly Roberts huet sech mam Argument verdeedegt, datt si net déi “éischt zu Wetumpka” wier, déi Kaze fiddert, d’Leit hätten dat “scho laang virun” hir gemaach, si wier ebe just dobäi erwëscht ginn.

Wéi et op engem Video am Internet ze gesinn ass, goufen d’Déierenaktivistinnen am Juni zu Wetumpka vun der Police festgeholl. Fir d’éischt krute si hir Autosschlësselen ofgeholl, éier si an Handschellen ofgefouert an hir Poschen duerchwullt goufen. Méi spéit hunn d’Fraen erkläert, datt si no der rabiater Behandlung vun de Poliziste blo Plazen op hiren Äerm an Handgelenker haten.

Back to Top
CIM LOGO