
Dat, well si probéiert haten, zwou Seniorinne vu 86 an 81 Joer iwwert den Dësch ze zéien. De Frae war opgefall, datt eppes net géif stëmmen, a si haten nach éier si den Onéierlechen d’Suen ausgehännegt hunn, d’Police informéiert.
A béide Fäll hate d’Trickdéiwen de Frae gesot, datt ee Member vun der Famill an en déidlechen Autosaccident verwéckelt gewiescht wier a si Sue bräichten, fir de Familljemember op Kautioun aus dem Prisong ze kréien. Ënner anerem hate si sech als Enkelin, Polizistin a Mataarbechter vum Parquet ausginn.
Déi richteg Poliziste waren dunn awer dobäi, wéi d’Seniorinnen den Onéierleche sollten d’Sue iwwerreechen a konnten esou en 19 Joer alen an e 35 Joer ale Trickdéif festhuelen.
Déi däitsch Police warnt ëmmer nees viru Trickdéiwen, déi d’Leit uruffen an iwwer Telefon probéieren, si unzeschmieren.