E Must fir all Liesbegeeschterten170 Stänn op de Walfer Bicherdeeg

Joëlle Kirsch
Walfer steet am Zeeche vum Buch

D’Walfer Bicherdeeg erwaarden iech dëse Weekend mam Motto „Mémoire“.
An 3 Hale fannt dir iwwer 170 Stänn: den Occasiounsmaart, de Books for Kids an de Marché du livre. Vill flott Liesungen erwaarde Grouss a Kleng, et gëtt Animatioun a Fotosausstellungen, an eng Aussebün wou Literatur op Musek trëfft.
Samschdes vun 10:00-19:00 a Sonndes vun 10:00-18:00 mat Foodvillage a Kaffisstuff, alles um Site ronderëm d’Walfer Sportshalen. Den Entrée ass fräi.
E flotte Weekend also wou dir och d’Auteuren an d’Editeure begéine kennt an iech mat hinnen austauschen.
De ganze Programm fannt dir op bicherdeeg.lu.

Business Walfer Bicherdeeg

bicherdeeg.lu

Back to Top
CIM LOGO