En Häerz fir LeitNeit Logo fir de Fleege-Service Verbandskëscht

Joël Schaus
Bei hinne bedeit Fleeg net just medezinesch, mee och mënschlech Versuergung
© Verbandskëscht

Verbandskëscht begleet schonn zanter 20 Joer déi Leit, déi sech entscheet hunn, doheem ze bleiwen, an dat mat engem konstanten, a mënschlechen Engagement.

An obwuel hir Geschicht mam Fleege vu Wonnen ugefaangen huet, hunn si ganz séier verstanen dat Fleeg vill méi ass wéi nëmme medezinesch Moossnamen ze ergräifen.

Et bedeit nämlech och nozelauschteren, ze ënnerstëtzen an ze betreien. Kuerz gesot: Do ze sinn.

An dofir huet sech och hir visuell Identitéit weider entwéckelt:
Hiert Logo, dat zu den Ufankszäiten nach eng Plooschter war, huet elo d’Form vun engem bedeitungsvolle klengen Häerz ugeholl.

Dëst Symbol steet fir dat, wat si zanter jeehier ugedriwwen huet: Individuell Fleeg, mënschlech Präsenz an natierlech - Häerzlechkeet.

Gitt bei si kucken op vbk.lu

Business News CEC & VBK 17.12.2025

Back to Top
CIM LOGO