Nach bis den 11. Januar an der StadD'Brasserie du Cercle huet sech nees an de Chalet du Cercle verwandelt!

Chris Welter
Typesche Schwäizer Chalet op der Plëss an der Stad.
© Brasserie du cercle

Nach bis den 11. Januar gëtt et gutt defteg do z‘iessen an dëser kaler Joreszäit.
Maacht Iech et also an der schéiner Wanterzäit gemittlech an der Brasserie du Cercle an a sengem typesche Schwäizer Chalet op der Plëss an der Stad.
Hei kann een nach bis de 11. Januar 2026 déi beschtbekannte Platen aus den Alpen am Chalet an an der schuckeleger Chaletsatmosphere vun der Brasserie du Cercle genéissen.
Verpasst net hir authentesch Kéisfondue, Schwäizer Raclette, Waarme Steen, an traditionelle Rösti oder Tartiflette mat deftegem Reblochon aus der Savoie.
Méi Infoen an fir ze reservéieren kuckt op brasserie-du-cercle.lu

Back to Top
CIM LOGO