
Den Europäesche Verbraucherzentrum Lëtzebuerg informéiert a begleet schonn zanter 20 Joer Konsumenten am Fall vu grenziwwerschreidende Sträitfäll, an dat gratis.
Am Kader vun hirer kontinuéierlecher Upassung hunn si rezent och ee Volet a liichter a verständlecher Sprooch online gesat.
Zousätzlech goufen Accessibilitéitsfunktiounen op der Internetsäit integréiert, déi et ënner anerem erlaben, d’Texter ze vergréisseren, d’Kontraster unzepassen an d’Liesen ze vereinfachen.
Dës Entwécklunge reflektéieren och e wichtege Grondprinzip vum CEC Lëtzebuerg: D’Rechter vun de Konsumente gëlle fir jiddereen a mussen och vun all Mënsch kënne verstanen an ausgeüübt ginn – ouni Ënnerscheed.
Informéiert iech iwwert är Konsumenterechter op CECLuxembourg.lu