
Gutt 30 Stonnen erwaarden een hei, nieft dem Sport, vill Animatioun.
Eng weider Editioun vum 24 Stonne Vëlo Wëntger steet dëse Weekend un, dat mat vill Animatioun ronderëm.
De selwechte Weekend ass et dann och, am Kader vun dësem Event, den Optakt vum Télévie zu Wëntger. Hei ass nächst Joer nämlech ee vun de Centres de promesses aus dem Land.