Vakanz an de BiergerBescht Schigebidder 2026

Nicky Soisson
Wou soll et dëse Wanter fir d'Schivakanz higoen? D'Lieser vum brittesche Reesmagasinn Condé Nast Traveller hu bei de Readers' Choice Awards hir Favoritten an Europa gewielt. Ganz uewen am Ranking steet Zermatt an der Schwäiz.
© www.pixabay.com

Wien dëse Wanter nach net weess, wou et fir d'Schivakanz hi goe soll, dee kritt elo vläicht e bëssen Inspiratioun.

De Wanter kënnt ëmmer méi no an domat stellt sech fir vill Fans vum Wantersport nees d'Fro no der passender Destinatioun. Eng méiglech Inspiratioun liwwert de Ranking vun de beschte Schigebidder an Europa fir 2026.

Zermatt op der éischter Plaz

Ganz uewen am europäesche Ranking steet Zermatt an der Schwäiz. Ënnert dem bekannte Matterhorn bitt de "Matterhorn Ski Paradise" ronn 360 Kilometer Pisten, déi duerch am Ganzen 52 Liften a Bunne matenee verbonne sinn. Den héchste Punkt vum Schigebitt läit op 3.899 Meter. Vun Ufänger bis ganz erfuere Schifuerer soll hei fir verschidden Niveauen eppes dobäi sinn.

Och déi zweet Plaz geet an d'Schwäiz. Verbier mat sengem Wantersportgebitt 4 Vallées gëllt als luxuriéis Destinatioun a gëtt och mat prominente Gäscht a Membere vun europäesche Kinnekshaiser a Verbindung bruecht.

Frankräich kënnt op Plaz dräi

De Podium gëtt komplettéiert vu Méribel an de franséischen Alpen. D'Destinatioun läit an de Trois Vallées, engem risegen zesummenhänkende Schigebitt mat ronn 610 Kilometer Pisten. Nieft dem Schifuere sinn och déi traditionell Chaleten aus Holz an d'Gastronomie Deel vun der Attraktivitéit vu Méribel.

An den Top 10 sinn nach eng Rei aner bekannte Wantersport Destinatiounen ze fannen. Dorënner Val Gardena an Italien, Obergurgl a St. Anton an Éisträich souwéi Les Arcs La Plagne a Val d'Isère a Frankräich.

Fir hire Ranking hunn d'Lieser ënner anerem d'Qualitéit vun den Hoteller a Restauranten an d'Méiglechkeete bewäert, sech am Schigebitt vun enger Plaz op déi aner ze beweegen.

D'Schwäiz geet domat als grousse Gewënner aus dem Ranking ervir: Mat Zermatt a Verbier ginn déi éischt zwou Plazen u Schwäizer Destinatiounen, virum franséische Méribel.

Back to Top
CIM LOGO