
An den Atelieren zu Betzder, Mondorf an och am Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher ginn handwierklech a lokal Produite hiergestallt. Dat geet vu Seefen iwwer Gebeess a Zoossen bis bei Brout a Pâtisserie. Dobäi steet net Masseproduktioun am Fokus, mee Qualitéit, Handaarbecht an déi sozial Missioun. D'Maud Hansen, Direktesch vun der Yolande Coop:
Eist Haaptzil ass et, Mënschen déi en Handicap hunn, méi spezifesch eng intellektuell Beanträchtegung hunn, eng Aarbecht ze ginn, dass si d'Chance hunn ze schaffen an e Beruff ze léieren, fir dann am Idealfall spéider op den éischten Aarbechtsmaart kënnen ze wiesselen. Mat eisen 8 Aktivitéiten decke mer ganz vill Beruffsfelder of, esou dass mer hinne ganz vill Méiglechkeete ginn, ze kucke wat hinne gefält, wou se gutt sinn an hir Kompetenzen z'entwécklen.
D’Kooperativ gehéiert zum Reseau vun Elisabeth – am sozialen Déngscht zu Lëtzebuerg a beschäftegt iwwer honnert Mataarbechter, déi hei net nëmmen eng Aufgab, mee eng richteg Formatioun an eng deeglech Struktur kréien.
Zu Betzder gëtt et och den CPP, wou Jonker mat enger Behënnerung d'Méiglechkeet hunn, no der regulärer Schoul hinzegoen an hir Ausbildung weider ze maachen an an deem Kader maachen si och Stage bei der Yolande Coop. Am Kader vun deene Stagen entdecke si déi verschidden Aktivitéiten an da spiggelt sech esou lues a lues eraus wat bei si passt, wat se gäre maachen, ob se éischter gäre physesch schaffen oder léiwer dat Feinmotorescht hunn an dann dono gëtt eben entscheet a wéi een Atelier se schaffe ginn a wou se och hire festen Aarbechtskontrakt kréien.
Eng sozial Entreprise also, déi weist, datt wirtschaftlecht Schaffen a gesellschaftlech Verantwortung zesumme funktionéiere kënnen. An datt hannert all Produit virun allem Mënsche stinn. Ee vun de bekanntste Projeten ass de Päiperlécksgaart zu Gréiwemaacher. De tropesche Gaart gëtt zënter 2011 vun der Yolande Coop geréiert a gläichzäiteg als Inklusiounsatelier benotzt.
De Päiperlécksgaart ass also haut net nëmmen eng touristesch Attraktioun, mee och eng richteg Aarbechtsplaz. An der tropescher Hal vu méi wéi 600 Quadratmeter fléien Honnerte vu Päiperleken aus verschiddene Länner fräi ronderëm. Dobäi kommen nach Chamäleonen, Deckelsmouken an tropesch Planzen. Fir d’Mataarbechter bedeit dat vill Kontakt mat de Leit an eng grouss Verantwortung am Alldag.
D'Visiteure kréien eng Erfarung gebueden, an d’Mataarbechter kënnen hir Kompetenzen entwéckelen. Hei gëtt net nëmmen Natur an Tourismus matenee verbonnen, mee och sozial Integratioun an Aarbecht. D'Sandra Thibold ass fir de Gaart zoustänneg:
Dat heescht Déiere fidderen, dass de Gaart propper ass fir d'Clienten, dass Planzen do sinn déi och ëmmer schéin an der Bléi sinn, mir maache biologesch Schädlingsbekämpfung hei, da kucke mer natierlech och no de Päiperleken, wou mer dann d'Poppen ophänken dass déi kënne schlüpfen, dat mat der Eegeproduktioun an och déi aner Déieren, déi mer soss nach hunn, dass déi och gutt verfleegt ginn.
Am tropesche Klima vum Gaart liewen Honnerte vu Päiperleken. Vill dovunner hunn immens intensiv Faarwen oder speziell Musteren. Verschidde Päiperleken hunn eng Liewensdauer vun nëmmen e puer Wochen. 20-25% kommen aus der Eegeproduktioun, déi aner aus Länner wéi Costa Rica an de Philippinnen:
Dat sinn esou kleng Famillen, déi mir ënnerstëtzen aus engem weltwäite Programm. Déi ziichten déi Päiperlécken doheem a wann d'Popp bis do ass - fir t'éischt ass et jo d'Ee, dann de Raup, dann d'Popp, dann de Päiperléck - da ginn déi Poppen ofgesammelt, ginn a speziell Këschte verpaakt an duerch d'ganz Welt an déi eenzel Päiperlécksgäert verschéckt. Wann déi hei ukommen, da ginn se direkt vun eis opgehaangen an da schlüpfen se, iert se an de Gaart gelooss ginn.
All Joer kommen Dausende vu Leit op Gréiwemaacher, fir déi tropesch Welt ze entdecken. A vill Visiteure mierken dobäi séier: hei geet et net nëmmen ëm exotesch Päiperleken. Nach emol d'Maud Hansen, Direktesch vun der Yolande Coop:
Mir hu Chamäleonen, Geckoen, verschidden Zorte Viggel, Fësch, Deckelsmouken, et gëtt scho richteg vill hei ze gesinn an z'entdecken. Wat och flott ass, dass mer Info-Panneauen hunn, verdeelt duerch de ganze Gaart, esou dass d'Leit sech kënnen informéieren an zousätzlech hu mer e gratis Audioguide, wou een an der Kees oder och duerch de Gaart verdeelt de QR Code scanne kann, dann huet ee ganz vill Informatiounen a 4 verschiddene Sproochen, esou dass een e ganzt Erliefnes huet.
Tëscht Palmen, Bananebeem a faarwege Blumme fléien d'Päiperleke fräi ronderëm. Fir vill Visiteuren ass dat eng ganz speziell Erfarung. D’Déiere fléien heiansdo ganz no laanscht oder setzen sech souguer op d’Schëller oder op d’Hand. Well d’Päiperléken hei fräi ënnerwee sinn, kann een se aus nächster Distanz observéieren.
Mir rechnen esou dass et der ëmmer ongeféier ëm déi 500 sinn, déi fléien, dass mer eng Vielfalt hunn, dass se vill fléien an dass d'Leit vill gesinn - wat natierlech och e bësse mam Wieder zesummenhänkt - wat d'Wieder méi schéin ass, an et méi hell ass, wat se méi fléien a wann et méi gro an däischter ass, hunn se éischter d'Tendenz sech méi roueg ze sëtzen.
An engem speziellen Beräich kënnen d’Visiteuren déi verschidde Phasen observéieren: vun der Raup iwwer d’Chrysaliss bis bei de fäerdege Päiperlek. Vill Leit gesinn esou e Prozess fir d’éischt am richtege Liewen. Dobäi gëtt erkläert, wéi empfindlech déi Déiere sinn a wéi wichteg Klima, Planzen a Liewensraum fir hiert Iwwerliewe sinn.
Ganz richteg, et ass en tropesche Gaart a mir mussen déi tropesch Konditiounen zu all Moment oprecht erhalen. Dat ass engersäits déi héich Temperatur vun 28 Grad an da 70-80% Loftfiichtegkeet, well soss kënnen d'Päiperlécken net iwwerliewen. All déi Päiperlécken déi een hei gesäit, kënnen och net dobaussen iwwerliewen, déi mussen heibanne sinn.
Nieft de Päiperleken entdeckt een och tropesch Planzen aus verschiddene Kontinenter. Verschidde Planzen droen exotesch Friichten, anerer hu riseg Blieder oder speziell Blummen, déi et hei zu Lëtzebuerg normalerweis net gëtt. De Päiperlécksgaart weist domat och, wéi sensibel esou Ökosystemer sinn. D’Visiteure léiere, wéi staark Déieren a Planzen vum Klima ofhänken a wéi wichteg den Naturschutz ass.