Summer-AgendaD'Miniatur-Eisebunn zu Esch-Lankelz
Wéi wier et da mat engem klengen Tierche mam Zuch? Net mam klasseschen Zuch wéi en all Dag ze gesinn ass, mee mat engem Miniaturzuch. Dat zu Esch-Uelzecht direkt nieft dem Fussballterrain vun der Fola.
Verëffentlecht: 02.09.26 06:40, Update: 02.09.26 06:39
Hei ass et d'Asbl Chemins de fer Lankelz déi dee ganze Projet mat vill Häerzblutt op d'Been gesat huet. 2 Strecke ginn hei ugebueden, woubäi déi längst 1,2 Kilometer laang ass. Den Autorail kënne Kanner ab 8 Joer dann och scho selwer fueren, natierlech ënnert Obsiicht vun engem Erwuessenen. An dat all Sonndeg tëscht 14 a 17:15 Auer, nach bis den 11. Oktober.
Summer-Agenda: Miniatur-Eisebunn zu Esch-Lankelz
https://cheminsdeferlankelz.wixsite.com/cflankelz