
De Serge Tonnar huet an der Emissioun „Am Takt“ säin neie Projet „ALLES ASS OK“ presentéiert. D’Lidd setzt sech mat mentaler Gesondheet, gesellschaftlechem Drock an dem Gefill vun Ausgrenzung auserneen.
Fir de Museksvideo schafft de Serge mat der Ligue Santé Mentale zesummen – a fir de neie Museksclip ginn elo motivéiert Léit gesicht. Jidderee kann sech bedeelegen an och beim Chouer matsangen.

Den Jimmy Martin feiert dëst Joer 40 Joer Musek mat enger spezieller Selektioun vu senge beschte Lidder.
Um Album „Past to Present“ sinn nieft remasterte Stécker, och dräi nei Songs, dorënner„ Supernova“, en Duett mam Maria Kissimov ze fannen. De Sänger, deen 1993 mat Modern Times um Eurovision Song Contest dobäi war, setzt dobäi weider op säi klassesche Rock-Pop-Sound mat vill Gittaren.

No enger Paus vu ronn fënnef Joer mellt sech d'Jeff Herr Corporation mat engem neien Album zeréck.
„Five Moons“ ass de fënnefte Soloalbum a gouf zesumme mam Maxime Bender a Paul Belardi entwéckelt. Fir de Projet huet den Jeff Herr méi elektronesch Elementer mat organescher Musek kombinéiert – den Album kënnt den 23. Oktober eraus.

Dessy Mesk huet déi nei Single „Snakes“ mat an d’Sendung bruecht, déi de 4. September erauskoum. De Song ass e Mix aus franséischen an engleschen Texter a beschäftegt sech mat Onsécherheeten an der Ufanksphas vun enger Bezéiung.
De surrealistesche Museksvideo, ass un der der Geschicht vum Adam an Eva inspiréiert. Dëse gouf vum Film Fund Luxembourg finanzéiert a vun Two Steps Twice produzéiert.

Lauschtert hei alleguerten d'Lidder aus der Emissioun: