Kreativitéit aus Déifferdeng op europäescher BühnSuccès fir de Luca de Michele um Make Up Artist Award

Michèle Schons
2018 huet hien zu Déifferdeng säin eegene Studio opgemaach. Zanterhier huet De Luca de Michele sech e festen Numm gemaach - net nëmme lokal, mee och op internationaler Bün. Ob bei Défiléeën, Fashion Weeks, Hochzäiten oder groussen Eventer: de Luca konnt iwwer d’Joren vill wäertvoll Erfarunge sammelen. Rezent huet hien och mat de Kandidatinnen, déi Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest vertrueden hunn, zesummegeschafft.
Messe Düsseldorf / Tillmann
Messe Düsseldorf / Tillmann
© Messe Düsseldorf / Tillmann

Succès fir de Luca de Michele um Make Up Artist Award

Fir hien ass Make-up net nëmmen en Job, mee eng Passioun, déi scho ganz fréi do war an déi hien haut voll a ganz lieft. Lescht Joer huet de Luca sech fir d’éischt um “Make Up Artist Award” ugemellt - e prestigiéise Concours, deen am Kader vun der grousser Beautymesse zu Düsseldorf organiséiert gëtt. Do trieden Artisten aus ganz Europa géinteneen un a mussen hiert Kënnen live op der Bün ënner Beweis stellen. Scho beim éischte Versuch huet hien et an d’Top Ten gepackt – e grousse Succès, och wann et nach net ganz fir d’Victoire duergaangen ass.

Ech krut dunn dëst Joer eng Noricht vun der Organisatioun, si hu mech gefrot op ech Loscht hätt op eng zweet Chance an déi da wéilt notzen. A bei enger zweeter Chance soll een net Nee soen. Dat huet dann dëst Joer och ganz gutt geklappt, well ech konnt dat Ganzt gewannen. Dee Concours bedeit mir wierklech extrem vill, well en och bewäert gouf vu ganz groussen Nimm aus der Beautyindustrie.

Mat Kreativitéit, Technik an enger klorer Visioun konnt hien d’Jury iwwerzeegen a sech géint déi staark Konkurrenz duerchsetzen. De Feedback vun der Jury koum och direkt:

Et war nämlech esou dass mäi Look fäerdeg war an ech gemierkt hunn, dass en e bëssen ze einfach war. Du koum de Kommentar vum Val Garland, eng grouss Make-up Artistin déi scho mat deene gréisste Staren zesummegeschafft huet an dat sot an de leschten zwou Minutten: “Ech géing mer elo wënschen een ze gesinn, deen en décke Pinsel hëlt an an déi schwaarz Faarf geet an dat eng Kéier komplett iwwer d’A schmiert!” - a genee dat hunn ech gemaach, wat relativ gutt ukomm ass.

De Gewënn vum Concours ass net nëmmen eng grouss Éier, mee och eng Bestätegung fir dem Luca säi Wee an seng Aarbecht.

Jo, dee Präis bedeit mir immens vill, well an deenen 13 Joer kämpfen ech nach ëmmer andeems ech mech selwer a meng Aarbecht a Fro stellen - et sinn ëmmer esou vill Gedanken am Kapp: Ass déi Aarbecht gutt, kennt meng Aarbecht dann och gutt un? An dann eben esou e Präis ze kréien ass déi gréisste Bestätegung. Dofir sinn ech dann ëmsou méi Frou, déi zweet Chance genotzt ze hunn. An dat ass eppes wat ech jidderengem op de Wee ka ginn, wann een eng zweet Chance kritt, ass dat en Zeechen an da soll een déi och unhuelen.

Fir d’Zukunft kann de Luca sech virstellen, nach méi an d’Filmbranche anzetauchen. Eng Welt, an där Make-up eng ganz nei Roll spillt - tëscht Kreatioun, Charakterdesign a Storytelling. Eent ass sécher: D’Passioun, déi de Luca de Michele schonn ëmmer begleet huet, bleift och weiderhin de Motor fir nei Projeten an Erausfuerderungen.

Back to Top
CIM LOGO