Am TaktLe Vibe, Sheebaba & Pol Belardi

Bob Konsbruck
Déi eng hu sech am Melusina op der Bün gedréckt, déi aner hunn am Gudde Wëllen e begeeschterte Publikum gesinn an den 13. November gëtt et zu Diddeleng en Urban Voyage.
© RTL Grafik
© Le Vibe

Den 30. Oktober hat Le Vibe an de Melusina invitéiert well se do hiren 3. Album The Big Three virgestallt hunn. Den Alex an den Tristan hunn am Interview erkläert firwat d'Thema KI a ville Lidder opgegraff gëtt, wat déi nächst Pläng vu Le Vibe sinn a wéi ee sou vill Museker op d'Bün vum Melu kritt huet.

© Phat Nguyen

Op Besuch war och de Julien vu Sheebaba; den Duo huet de leschte Weekend den neien Album Haut am Gudde Wëllen presentéiert an am RTL Interview erkläert firwat Kusel, hei vir an Däitschland, eng grouss Roll bei den Opname gespillt huet.

© Veronique KOLBER

An zu gudder Lescht hat sech och nach Pol Belardi bäigeschalt fir iwwert säi Concert den 13. November 2026 am Centre Culturel opderSchmelz ze schwätzen. E Projet dee virun 10 Joer als Resultat en Album huet, krut an de leschte Wochen neit Liewen agehaucht.

Pol Belardi's Urban Voyage 2.0

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod:

Back to Top
CIM LOGO