
Blo ass eng vun deene Faarwen, déi an eiser moderner Welt ganz staark mat Vertrauen a Sécherheet verbonne sinn. Banke, Versécherungen, oder offiziell Institutiounen: Blo kënnt extrem dacks vir. Et soll seriö a stabil wierken.
Patricia Lippert:
Blo ass och dacks mat Rengheet verbonnen - Äis, dat wat kee Fleck huet um Himmel, dat liicht Blo, dat ass esou eng Rengheet, wann s de wëlls eppes Renges duerstellen. Kuck sämtlech Mineralwaasser, wéi eng Faarf hunn deenen hir Fläschen, hire Plastik oder hiert Glas, dat ass eben oft himmelblo.
Richteg blo Pigmenter ware fréier extrem deier, dofir war (Kinneks)blo eng Statusfaarf vu Kinneken, Adel a Klerus.
Wat och interessant ass, ass den Indigo, deen ugeplanzt gouf, och hei an Europa. Den Indigo ass déi blo Planz, mat där e groussen Handel gedriwwe gouf an d'Leit haten hei näischt z'iessen. Dat heescht, du has Felder voller Indigo an d'Leit haten net genuch Brout.
Am alen Ägypten war de Lapizlasuli-Steen, aus deem den Ultramarin gewonne gouf, helleg. Gëtter wéi Amun goufe mat Blo associéiert. D'Ägypter hu mat der bloer Faarf och de Plaffong vun hiren Tempelen dekoréiert.
Blo, has de dann de Lapizlasuli, den Edelsteen, deen da gemuel gouf, wat dann eng extrem deier Faarf war. Dat spillt dann och eng Roll dee Moment, wa mer net nëmmen vun abstrakt "der Faarf" schwätze, mee och wéi se benotzt gouf an der Molerei oder am Textil-Fierwen - den Ursprong ass eben alles vun der Äerd ze huelen, och wa Blo méi schwéier ze fannen ass, dofir huet ee missten op Edelsteng oder Planzen zeréckgräifen.
D'Réimer hu Blo éischter mat den als barbaresch ofgestempelte Kelten verbonnen, déi sech blo ugemoolt hunn an dacks blo Aen haten. Blo huet awer och eng aner Säit. An der Musek zum Beispill fanne mer Expressioune vun Traueregkeet, Melancholie oder Elengsinn, déi mat Blo verbonne sinn. Dat weist nach emol dass eng Faarf net automatesch eng eenzeg Emotioun ausléisst.
Himmel, Mier, Banklogo, Jeans, Uniform oder Trauer - alles Blo an awer ni ganz dat selwecht.