Et ass net alles schwaarz-wäissMof - d'Faarf, déi fréier e Verméige kascht huet

Michèle Schons
Stellt iech vir, dir sidd virun e puer honnert Joer e Mënsch mat vill Suen a Muecht. Dir wëllt eppes Besonnesches undoen. Et soll eng Faarf sinn, déi net jidderee sech leeschte kann. Dir hutt ee Choix: Mof. Déi Faarf war deemools net einfach eng Moudefaarf, ma e Statussymbol.
© pixabay

Mof - d'Faarf, déi fréier e Verméige kascht huet

Mof, oder Violett ass historesch bekannt, well se mat bestëmmte Mieresschleeken, de Purpurschnecken ze dinn hat. Fir genuch Faarfstoff ze kréie, waren enorm Quantitéite vun Déieren néideg. Dat huet Mof zu engem Luxus gemaach, deen nëmme wéineg Leit sech leeschte konnten, Patricia Lippert:

Jo well et schwéier an deier ass hierzestellen. Mee bon, an der Natur kënnt ze zwar dacks vir vun der Veilchen, bis... Si gëtt dacks als Symbol fir al Bomien - esou alte Weiber geholl, well déi sech dacks mof undinn, oder nof Hoer hunn.

Wann eng Faarf rar an deier ass, kritt se mat der Zäit eng sozial Bedeitung?

Violett gouf mat Herrscher, Muecht a Räichtum verbonnen. Et war net nëmmen eng schéi Faarf, ma se huet de Leit ronderëm gesot: Ech ka mir dat leeschten.

Mof ass och oft bei Trauer, den déiwe Violett, bei der Fraebeweegung hues de och oft Mof oder Lila, ech wees awer och net firwat de Feminismus sech déi mof Faarf erausgesicht huet.

An der Reklamm oder am Design gëtt Mof dacks agesat wann e Produit kreativ, luxuriéis oder ongewéinlech soll wierken. Esou fanne mer bei Parfumen, Wellnessproduiten a Kosmetik dacks dës Associatioun.

Haut brauche mer kee Verméige méi, fir e mofe Pullover ze kafen. D'Faarf huet trotzdeem eppes vun der aussergewéinlecher Aura behalen. Mof gëtt haut dacks mat Mystik, Fantasie an och Spiritualitéit verbonnen. Et ass och eng Faarf, déi an der Natur manner dominéiert wéi Gréng oder Blo a vläicht ass se dofir haut fir eis e bëssen aussergewéinlech, well e mofe Sonnenënnergang, violett Blummen oder e mofe Raum scho speziell sinn.

Dat Spannendst bleift awer d'Geschicht hannert der Faarf, déi eis weist, dass Mof net vun Natur aus eng Faarf vu Muecht ass, ma et zu enger Muecht-Faarf gouf, well se rar an deier war.

Patricia Lippert

Back to Top
CIM LOGO