
"D'Potential vu Comics kennt keng Grenzen an ass spannend" huet de Scott McCloud viru méi ewéi 30 Joer a sengem Buch "Understanding Comics" geschriwwen, a mat deem Zitat fänkt och d'Dokument "How To Comics" vum SciTeach Center vun der Uni Lëtzebuerg un.
An deem Dokument geet et drëm, fir ze weisen, op wéi eng Manéier ee Comics an der Schoul kann asetzen, fir Wëssen ze vermëttelen, oder Matière ze verschaffen. Et riicht sech virun allem un Enseignanten aus der Grondschoul, mä déi Methode kënnen och nach am Lycée benotzt ginn.
"How to Comics" baut op wëssenschaftlech Fuerschung op, a setzt déi an d'Praxis ëm. A well net alles wat um Pabeier gutt ausgesäit a Wierklechkeet och kann ëmgesat ginn ass an deene 14 Méint, an deenen "How To Comics" ausgeschafft ginn ass, och scho konkret a Schoule getest ginn. Zum Beispill zu Mamer am Cycle 4.2 an der Klass vum Frank Rasic. Do haten d'Schüler ee Beiendag, wärend deem d'Kanner vill iwwert d'Beie geléiert hunn. Déi Expertise déi si aus deem Dag matgeholl hunn, hu si duerno an ee Comic verwandelt, an deem eng Bei enger asiatescher Runn begéint. Aktualitéit a Wëssenschaft sinn do op eng spilleresch Manéier matenee verschafft ginn.
Fir d'Éischt huet d'Léierpersonal am Kader vun enger Formatioun op der Uni geléiert, wat Comics sinn, a wéi een déi als didaktescht Material asetze kann. Dono sinn déi Erfarungen an d'Klasse gedroe ginn. Den ND Genen huet do an Ateliere mat de Schüler zesumme geschafft, fir hinnen ze weisen, wéi ee Comic entsteet, a mat wéi engen Techniken zeechent.
Dobäi ass et him wichteg, de Kanner d'Angscht ze huelen, well si fäerten, datt si net mole kënnen. Well mole ka jiddwereen, et ass d'Technik an d'Übung déi herno den Ënnerscheed mécht. Hie vermëttelt de Kanner och, datt si selwer vun der Iddi bis bei dat fäerdegt Bild schaffe kënnen, a ënnerstëtzt si esou och an hirem Gefill, selwer eppes fäerdeg bruecht ze hunn, wat si sech villäicht guer net zougetraut hunn.
An esou ee Comic ass um Enn och net nëmme fir eng Schoulklass ee flotte Projet, mä kann doriwwer erausgoen. De Beiecomic aus der Grondschoul vu Mamer ass zum Beispill am Cycle 4.2 entstanen, mä herno vun de Kanner aus dem Cycle 2 faarweg gemoolt ginn. Fächer- a Klassen-iwwergräifend kann esou op eng flott an einfach Manéier Wësse vermëttelt, a Kompetenze vu Kanner gefërdert ginn.
"How to Comics" ass net nëmme fir Enseignanten geduecht, mä fir jiddweree gratis disponibel. Entweder als Buch dat ee beim SciTeach Center op der Uni Lëtzebuerg bestelle kann, oder als PDF.
De Radio-Reportage wéi Kanner mat Comics an der Schoul léiere kënnen