En Dënschdeg de Moie war d'Direktesch vun der Nationalbibliothéik eis Invitée vun der Redaktioun.

"Mir wollte kee „musée du livre“ ginn, dofir hu mer scho méi laang an d’Digitalisatioun investéiert, a sinn do hautdesdaags, am Verglach mam Ausland, och scho gutt opgestallt." Dat sot d’Monique Kieffer, d’Direktesch vun der neier Nationalbibliothéik hei um Kierchbierg, en Dënschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.

Nieft engen 200.000 Bicher am direkten Accès, bitt d’BNL och eng grouss digital Offer. Den Challenge wier et, déi Zwee zougänglech ze maachen. Duerch dat Digitaalt wier d’Aarbechtsfeld natierlech vill méi grouss ginn. An dofir bräicht een och nach Personal an deem Beräich. "Transparent sinn an accessibel. De Leit e breeden Zougang zu Wësse bidden", dat war d'Haaptuleies beim Konzept vum neie Gebai um Kierchbierg. Nieft 470 Sëtzplazen, ginn et och speziell Reim fir a Gruppen ze schaffen.

D'Nationalbibliothéik sammelt alles, wat zu Lëtzebuerg an iwwer Lëtzebuerg editéiert gëtt. Et ass eng wëssenschaftlech Universitéitsbibliothéik, awer och eng Bibliothéik fir déi ganz Gesellschaft.

Och am Verglach mam Ausland wier ee ganz gutt opgestallt. Sou nach d'Monique Kieffer vun der Nationalbibliothéik, déi och ënnersträicht, datt och wa manner gelies gëtt an trotz Digitalisatioun, de Print net um Ausstierwen ass.

Dëse Weekend ass iwwerdeems direkt och eng éischt Porte ouverte.

Invité vun der Redaktioun: Monique Kieffer