E Freideg de Moie war d'Chief nursing officer am Gesondheetsministère eis Invitée vun der Redaktioun.

Resumé Michèle Wolter / vum Claudia Kollwelter

"D'Bild vun der Infirmière zu Lëtzebuerg ass relativ konservativ. Si gëtt dacks nëmmen als Assistentin vum Dokter wouergeholl, déi selwer keng Initiative hëlt an dowéinst och keng grouss Ausbildung brauch. Dat wëll ech änneren". Dat sot um Freideg de Moien d'Michèle Wolter am RTL-Interview.

Si ass déi éischt sougenannt  "Chief nursing officer" an domadder den Uspriechpartner fir déi verschidden Acteuren aus dem Gesondheetssecteur, 15.000 Leit déi an de verschiddene Gesondheetsberuffer schaffen. D'Michèle Wolter ass op Demande vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert vun der Direction de la Santé an de Ministère gewiesselt a sollt doduerch och dem Titel selwer an um  Terrain méi Visibilitéit kréien.

D'Infirmièren an Infirmieren stoungen am Kampf géint de Coronavirus un éischter Front, krute geklappt an et gëtt iwwer Primmen, fir d'Aarbecht déi geleescht gouf, diskutéiert. Ma de Beruff misst méi generell promouvéiert ginn, fuerdert déi national Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren ANIL. An dat gesäit och eis Invitée esou. D'Infirmière wier Expert an der Fleeg an dat sollt och esou unerkannt ginn. De Beruff misst via Campagnë méi no baussen bekannt a méi attraktiv gemaach gi bei de Jonken.

Fakt ass, Lëtzebuerg forméiert den Ament bei wäitem net genuch Infirmieren, fir déi national Besoinen ze decken. Just een Drëttel geet duerch d'Schoul hei am Land. Déi aner mussen an den Nopeschlänner rekrutéiert ginn.
Et misst ee grouss Schrëtter maachen, fir net méi sou onofhängeg vum Ausland  ze sinn, sou d'Michèle Wolter um Freideg de Moien. Fir déi zukünfteg Lächer beim Personal ze stoppen, missten elo schonn an der Moyenne 164 Jonker fir den Infirmiersberuff forméiert ginn. Do bleiwen nach grouss Efforten ze maachen.

An da steet och d'Fuerderung no enger Opwäertung vum Diplom am Raum. De Grand-Duché ass mat dat eenzegt Land, wat bis ewell kee Bachelor-Studium fir Infirmièren an Infirmieren offréiert.  An engem interministerielle Comité soll déi Fro diskutéiert ginn, sou eis Invitée, ouni ze vill ze soen, a wéi eng Richtung datt et geet.

Wichteg wier donieft awer och d'Beruffsbild vun den Infirmieren an anere Gesondheetsberuffer un d'Ufuerderungen um Terrain unzepassen. D'Attributiounen wieren nämlech däitlech vereelzt, an d'Gesetz vun 1992 misst ugepasst ginn.

Invité vun der Redaktioun: Michèle Wolter

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.