En Dënschdeg de Moie war den neie President vun der Landjugend an de Jongbaueren, Luc Emering, eisen Invité vun der Redaktioun.

Lëtzebuerger Notzdéiere sollen net méi an Net-EU-Länner transportéiert an do ënner desastréise Konditioune geschluecht ginn. Dat verlaangt d'Landjugend a Jongbaueren. Den neie President Luc Emering war en Dënschdeg eisen Invité vun der Redaktioun. Eng entspriechend Petitioun krut déi néideg Ënnerschrëften an et wäert en Debat an der Chamberplenière ginn.

Bei all Béischt sollt op de Pass geschriwwe ginn, datt et just an engem EU-zertifiéierte Schluechthaus däerf geschluecht ginn. Lëtzebuerg sollt an dësem Domän Virreider ginn. Dat erwaarde sech d'Jongbauere vun der Chamberdebatt.

A puncto Bio wier et wichteg, datt Lëtzebuerg sech iwwerhaapt emol Ziler gesat hätt. Lo misst ee kucken, wéi d'Weeër ausgesinn, fir déi Ziler z'erreechen. Fir d'éischt misst Sécherheet geschaaft ginn an da kéim och de Wëlle fir ëmzeklammen.

Wat den Dialog mat der Politik ugeet, hunn d'Jongbauere méi eng nuancéiert Meenung wéi zum Beispill d'Bauerenzentral.

Et wier kloer, datt déi nei gemeinsam Agrarpolitik eng gréng Architektur hätt. D'Landwirtschaft misst also méi nohalteg ginn, esou de Luc Emering. Op alle Fall wier et normal, datt den Ëmweltministère e Wiertche matzeschwätzen hätt. Den Dialog tëscht de Jongbaueren an de Politiker wier gutt.

Invité vun der Redaktioun: Luc Emering

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.