E Méindeg de Moie war de Copas-President eisen Invité vun der Redaktioun.

Aarbechtsrechtlech gesi bleiwen eng Rei Froen. Dat seet de Copas-President Marc Fischbach zum neie Covid-Gesetz.
Mataarbechter aus Alters- a Fleegesecteur, déi refuséiere sech testen ze loossen, riskéieren op alle Fall eng Prozedur, respektiv eng Entloossung. Hie geet awer net dovunner aus, datt et vill Refuse wäert ginn, esou den Invité vun der Redaktioun Marc Fischbach.

D'Copas begréisst vum Prinzip hier dat neit Covid-Gesetz an ass frou, datt hirer Fuerderung Rechnung gedroe gouf, fir datt all Mataarbechter bei der Testobligatioun d'selwecht behandelt gëtt, esou de President. D'Testflicht gëllt jo fir déi Leit, déi net geimpft sinn oder keng Covid-Infektioun hannert sech hunn.

Beim Rapport Waringo am Fleegesecteur geet de Marc Fischbach dovunner aus, datt dëse mat der néideger Serenitéit an  Objektivitéit gemaach gëtt. Dës Missioun kéim zum richtegen Zäitpunkt a géif bestëmmt Schwaachstellen opdecken an de Fanger an d'Won leeën. Vill Ënnerstellungen dem Secteur géintiwwer géifen awer sécher och richteg gestallt ginn.

D'Situatioun an den Altersheemer hätt sech am leschte Mount entspaant. Dëser Deeg géif et sengen Informatiounen no keen Infektiounsfall méi an de Strukture ginn. Dat wier drop zeréck ze féieren, datt vill Bewunner geimpft sinn.  
Beim Personal wiere gutt 60% geimpft, ma d'Statistik wier net fiabel. Vill Mataarbechter wieren och net erfaasst, well se am Ausland geimpft goufen.

Invité vun der Redaktioun: Marc Fischbach

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.