Mat engem Typ wéi dem Putin kéint een net verhandelen, sou dem Frank Engel seng kloer Positioun zu Russland.

Fokus plädéiert dofir och fir "verdeedegungsbereet" Bierger. Dorënner versteet de Frank Engel eng Zort gemeinschaftlechen Déngscht, deen de Jonke verdäitleche soll, dass d'europäesch Valeure verdeedegt gi missten. Och en obligatoresche Militärdéngscht gesäit hien net als onméiglech. Den Defense-Budget vun den eenzele Länner misst an d'Luucht gesat ginn. Lëtzebuerg misst do och sengen Obligatiounen nokommen an net ëmmer soen, dass déi zwee Prozent vun engem aussergewéinlech héije PIB fir esou e klengt Land net ze droe wieren.

Frank Engel: Méiglech rassistesch Motiver hannert de Mobbing-Reproche géint d’ Monica Semedo?

De Frank Engel huet dann och nach eemol op d'Kandidatur vum Monica Semedo reagéiert. D'EU-Deputéiert ass ewell zwee Mol wéinst Mobbing vun hire Mataarbechter sanktionéiert ginn. Natierlech hätt hien domat gerechent, dass déi kontestéiert géif. Ma hie bleift dobäi, dass d'Reprochë géint déi fréier DP-Politikerin viru kengem Aarbechtsgeriicht Bestand hätten.

Scho bei den éischte Reprochë wier d'Hallschent net zeréckbehale ginn, well et "fantaisistesch" Uschëllegunge gewiescht wieren. Et wier esou gewiescht, dass d'Assistenten hier Aarbecht net gemaach hätten. An der Gesellschaft géif et eng Hexejuegd. De Frank Engel deit och rassistesch Motiver hannert de Sanktiounen un. Déi meescht Fäll, déi virun der zoustänneger Kommissioun verhandelt ginn, wieren "jonk Fraen, déi net wäiss sinn".

Invité vun der Redaktioun: Frank Engel

Intern war et bei Fokus an de leschte Wochen zu Sträit komm. Aktuell huet de fréiere Generalsekretär Gary Kneip eng Plainte géint ënnert anerem de Parteipresident Marc Ruppert an déi aktuell Generalsekretärin Anne Winter beim Parquet deposéiert. Nach ass net kloer, ob de Parquet der Saach eng Suite gëtt. Ma och esou hätt dat der Partei geschuet.

"Ech bleiwen an där Partei"

Fokus hat bei de Chamberwale knapps 2,5 Prozent erreecht, fir e Sëtz am Europaparlament bräicht d'Partei ronn 13 Prozent. Ma och wann et am Juni net sollt duergoen, betount de Frank Engel, hie géif d’Partei net verloossen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.