En Donneschdeg de Moie war de Pensiounssystem ënner anerem Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Presidentin vum Onofhängege Gewerkschaftsbond war den Dag no den Evenementer vum 1. Mee Invitée vun eiser Redaktioun. Si sot, ville Leit géing et net gutt goen an dogéint misst ee virgoen.

"Wielt bei den Europawale Parteien, déi de Sozialstaat wëlle stäerken"

Esou d'Nora Back en Donneschdeg de Moien hei op RTL. D'OGBL-Presidentin huet an hirer Ried fir den 1. Mee virun de Rietsextreme gewarnt, mee och d'CSV an hir Europapartei EVP ernimmt, wou et en interne Rietsruck géing ginn. A si huet virun de Parteie gewarnt, fir déi d'Kompetitivitéit den Haaptkritär fir de Wuelstand wier.

Op d'Fro, ob den OGBL dann oprifft, géint d'CSV, ADR an DP ze wielen, huet d'Nora Back geäntwert: "Dat hunn ech net gesot." Si sot awer, an Europa géing et eng "grouss sozial Kris" an e "Rietsruck" ginn. An dat, well et de Leit net gutt géing goen. Hei am Land maachen Annoncë vun der Regierung iwwert de Pensiounssystem, ouni datt et am Virfeld Gespréicher gouf, der Presidentin vum OGBL besonnesch Suergen.

"Mir sinn net an engem Zuchzwang haut", esou d'Nora Back. Wann et finanziell Enkpäss géing ginn, da komme fir den OGBL weder manner Leeschtungen, nach eng Hausse vum Rentenalter a Fro. Der Gewerkschaft no misst een dann iwwert Recettë schwätzen. Recetten ass awer Synonym vu méi héije Cotisatiounen a schued dat net der Attraktivitéit? Recettë wieren néideg fir gutt Schoulen, Spideeler an Aarbechts- a Lounkonditiounen. An dat kéint der Attraktivitéit vum Land déngen, esou d'Nora Back.

"Super-super-räich"

An deem Sënn huet sech d'OGBL-Presidentin och nach emol fir méi Kafkraaft fir d'Leit ausgeschwat. Jo Lëtzebuerg ass e räicht Land, huet d'Nora Back zouginn. D'Gewerkschaftlerin huet awer och drop higewisen, datt hei am Land ee vun den héchsten Tauxen vu "Working poor" wier (Leit, déi schaffen an trotzdeem aarm sinn). D'Ongläichheete wiere weltwäit, mee och hei am Land ëmmer méi grouss an dowéinst wier méi Steiergerechtegkeet néideg.

Déi stellt sech d'Nora Back esou vir: engersäits dierfe Revenue vun der Aarbecht net méi besteiert ginn ewéi Revenue vu Verméigen oder Kapital, esou wéi et haut de Fall wier.  Anerersäits misst d'Akommessteier – de Barème – reforméiert ginn. "Mir musse vläicht verhënneren, datt et déi Super-super-räich ginn, déi op Käschte vun der Allgemengheet profitéieren", esou d'Nora Back.

Invité vun der Redaktioun: Nora Back

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.