"An de Schoulen ass heiansdo keen normaalt Schoulhale méi méiglech"
E Mëttwoch de Moie war den Enseignement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Vill Enseignantë géife sech mat der Situatioun an der Schoul iwwerfuerdert fillen. Dat sot d'Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft Joëlle Damé e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. Ronn een Drëttel sot an enger rezenter Ëmfro, si wieren no um Burn-Out oder emotional midd.
Heiansdo wär keen normaalt Schoulhale méi méiglech. Grond wier e falscht Verständnis vun Inclusioun. Et géifen ëmmer méi Kanner mat spezifesche Besoinen oder mat problemateschem Verhalen. Et kéint een Zousaz-Personal froen, mä den administrativen Opwand wier grouss an et géif immens laang daueren. De Ministère schwätzt vu Prozedure vun 10 Méint, an der Realitéit wieren et dacks bis zu zwee Joer, sou d’Joëlle Damé. Sou laang kéint ee just kucken, fir an der Schoul selwer eens ze ginn.
De Ministère wär sech dem Problem bewosst. En neit Gesetz soll d’Delaie verkierzen. Ma et géif awer u Personal feelen. Allgemeng ënnersträicht d’Joëlle Damé, datt ee ganz gutt mam Ministère géif zesummeschaffen, wat déi eenzel Fonctionnairen ugeet. Wat déi grouss Ausriichtunge vun der Bildungspolitik ugeet, géif een awer net gelauschtert ginn a munches géif vum Minister erofgespillt ginn.
En Donneschdeg organiséieren den SEW an d’APCCA (Association du Personnel des Centres de Compétences et de l’Agence) e Protestpiquet virun der Chamber wéinst dem neien Tâche-Gesetz fir edukatiivt a psychosoziaalt Personal. En neit Gesetz wär wuel néideg an et géif och Verbesserunge ginn. Mä den SEW vermësst ënnert anerem eng Iwwergangsreegelung. Leit aus de Kompetenzzentere verléiere Congé an de Vakanzen, dat wier hinne vum Minister anescht versprach ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.