Et feelt un Zesummenaarbecht tëscht Ateliers protégés a private Betriber
En Dënschdeg de Moie war ënner anerem d'Ateliers protégés fir Leit mat Handicap Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Inclusioun vu Leit mat Behënnerung an der Aarbechtswelt klappt nach net sou, wéi se soll. Dat sot den OGBL-Zentralsekretär Joël Delvaux en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. Et wier heefeg e schwéiere Wee fir eng Aarbecht ze fannen an den Iwwergang vum Atelier protégé op den 1. Aarbechtsmaart géing net wierklech fonctionéieren.
D'Grondiddi vun den Ateliers protégés wier net, datt d'Leit fir ëmmer do schaffen. Trotzdeem géinge vill Mënsche mat Behënnerung hir ganz Karriär do verbréngen, sou de Joël Delvaux. Dat hätt awer Nodeeler: "Wann een an engem Atelier schafft, da kritt een egal wéi de Salaire minimum non qualifié, an dat wärend der ganzer Karriär. Et huet ee guer keng Opstigsméiglechkeet, guer keng Méiglechkeet, iergendwéi an der Karriär z'evoluéieren oder och emol eppes méi ze verdéngen."
Et wier och esou, datt déi meescht Ateliers protégés quasi dee selwechte limitéierte Choix un Aarbechte géingen ubidden. D'Produktioun vun den Ateliere wier awer net ofgestëmmt op dat, wat um éischten Aarbechtsmaart gesicht gëtt. Dobäi kéint et och anescht goen: "Do ass et am Ausland wierklech gang und gebe, datt Betriber ganz vill Leit mat Autismus astellen am IT Beräich, well et gëtt kee besseren Encodeur wéi eng Persoun mat Autismus, well déi esou fokusséiert kënnen op eng esou Aarbecht, d'Zuelen a Saachen esou antippen, kënne maachen, wéi eng Persoun mat Autismus. An hei sëtzen se dann an Atelieren a kache Gebeess oder maachen esou Saachen, wat total deconnectéiert ass."
D'Nofro dofir wier och zu Lëtzebuerg op Säit vun de Betriber do. Fir datt d'Inclusioun vu Leit mat Behënnerung an der Aarbecht richteg fonctionéiert, misst och d'Inclusioun an der Schoul verbessert ginn. "D'Leit mussen eng Chance hunn, eng gutt Formatioun ze hunn, eng gutt Ausbildung kënnen ze maachen, a si mussen och vum Statut de Salarié handicapé scho kënne wärend hirem Apprentissage profitéieren, well soss kréie se jo och wierklech Schwieregkeeten, iwwerhaapt iergendwou en Apprentissage kënnen ze maachen."
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.