En Dënschdeg de Moie war d'Fleeg vun de Leit, déi en Hiereschlag gemaach hunn, Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

En Dënschdeg ass den internationalen Dag vum Hiereschlag, och AVC genannt. Dofir war d'Presidentin vun der Blëtz asbl eis Invitée vun der Redaktioun. D'Chantal Keller war selwer Affer vun engem Hiereschlag, dofir setzt si sech zanter 2013 fir Betraffener an, respektiv fir d'Preventioun. Den Hiereschlag ass nach ëmmer den heefegsten Ausléiser fir schwéier Behënnerunge bei Erwuessenen an zielt och zu den heefegsten Doudesursaachen.

All Dag kréie véier Leit hei am Land e Schlag. Dacks loosse si sech ze spéit hëllefen. Dat géifen d'Doktere bekloen, weess d'Chantal Keller wéinst reegelméissegem Austausch mat hinnen.

Patiente géifen dacks net richteg realiséieren, dass si e Schlag gemaach hunn. Dat obwuel d'Signaler dacks ganz kloer wieren.

D'Chantal Keller huet op eng sougenannte TIA higewisen, dat ass eng transitoresch ischämesch Attack. De Mond hänkt da schif oder den Aarm geet net méi richteg. Dat wieren déi kloerst Unzeechen.

Da gëllt et, esou séier wéi méiglech den 112 ze kontaktéieren. Wat een éischter am Spidol ass, wat d'Konsequenze manner schlëmm sinn. Do war d'Chantal Keller ganz kloer. Am Beschte preparéiert ee sech och en Ziedel mat de Medikamenter, déi een hëlt. Dat wiere wichteg Informatioune fir d'Neurologen.
 
E gesonde Liewensstil als Preventioun 
 
Leider wiere weltwäit och ëmmer méi Jonker vun engem Schlag betraff. Dem Chantal Keller no kann een dat erkläre mat der Aarmut, déi klëmmt. A wien aarm ass, géif sech dacks schlecht ernieren.
 
D'Haaptursaache vun engem Hiereschlag ass héije Bluttdrock. Am beschte protegéiert ee sech mat engem gesonde Liewensstil. Keen Tubakskonsum, eng gesond Ernierung a reegelméissege Sport. Detailer fënnt een op bletz.lu.

Invité vun der Redaktioun: Chantel Keller

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.