E Méindeg de Moie waren d'Gemengen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Bei de Finanzen a bei der Gestioun missten d'Gemenge méi kontrolléiert ginn, dat huet de Claude Reuter, President vun der Gemengegewerkschaft FGFC, e Méindeg de Moien hei op der Antenn gefuerdert. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun. Rieds goung vu Mëssstänn an eenzele Gemengen a méi allgemenge Problemer am Secteur.

Invité vun der Redaktioun: Claude Reuter

Conter, Diddeleng, Sandweiler oder Réimech, an de leschte Méint goufen et e puer Gemengen, déi negativ an der Ëffentlechkeet opgefall sinn. De Claude Reuter huet vu "krommen Téin am Orchester vum Gemengesecteur" geschwat. Et dierft een awer net alles an een Dëppe geheien.
 
"Mir hunn eng Kéier déi Leit, wou mer mol soen, wou gewielte Leit, Gemengepolitiker sinn, déi wou ee kënnt iwwer de Management schwätzen. Wéi ginn d'Leit gefouert? An deen zweete Punkt ass deen, wou mer wierklech vun Illegalitéite schwätzen, an dat ass de Fall Diddeleng."
 
Wann ee Mataarbechter vun enger Gemeng eppes net richteg géing maachen, da sollt e scho sanktionéiert ginn, iwwert déi normal Prozedur. Dat wier hei awer net geschitt.
 
"Et ass geschitt, dass eng Gemeng, hei de Schäfferot, festgehalen ass, dass géint d'Mënscherechter verstouss ginn ass, géint den Droit de travail, géint ...
Annick Goerens: Wat hu se da gemaach, fir dogéint ze verstoussen? 
Ma si hunn d'Leit einfach zum Beispill convoquéiert, ouni ze soen, wat hinne geschitt, si si laang verhéiert ginn, et war kee Bäistand dobäi, si hunn eng Firma engagéiert, déi zéng Joer Donnéeën zréckverfollegt huet, do sinn E-maile mat kopéiert ginn, déi zum Beispill confidentiel waren, déi tëschent dem Personal an hirer Service psychosocial hin an hiergaange sinn."
 
Dat wier net fir ze laachen, ma d'Gemeng géing sech hannert hirem Affekot verstoppen, kritiséiert de Claude Reuter. Fir vill Problemer bei de Gemenge gesäit den FGFC-President d'Léisung a Gemengefusiounen a méi Kontroll bei de Finanzen an der Gestioun.

"Si héieren et net ganz gär, mee d’Autonomie communale geet hei fir eis einfach ze wäit."
 
D'Gemenge sollten hir Budgete scho selwer kënnen opstellen, ma d'Gewerkschaft géing sech duerno méi Suivi wënschen. D'Politik géing just Navigation à vue iwwer 6 Joer maachen a verschidde Projete géingen onnéideg deier ginn.

"Share Space, voilà, jiddweree muss jo elo sou een hunn. Dat kascht enorm vill Geld, wann ee kuckt, wéi dat zu Diddeleng ausgesäit, bon, kann een driwwer diskutéieren. An dat sinn einfach Saachen, déi a mengen Aen an Zukunft net méi kënne sinn. Mir wäerten e risegrousse Problem kréien, wa mer kucken, wéi och elo aner Gemengen deelweis hir Schold doubléieren. A wann ech schonn nëmmen den TICE kucken, wou mer och de Problem vum Finanzement hunn."
 
Generell géif et och e Problem ginn, fir kompetent Gemengemataarbechter ze fannen. 
 
"Dat fänkt schonn u mat engem Applicitéitsexamen, wou jiddereen duerchrasselt mat deem Logistiktest, dee mer do hunn, deen net ganz logesch ass. Da geet et weider mat der Bildung. Et ass net einfach esou. Dir kënnt net vun der Première oder vun iergendengem Fach kommen an dann an den État civil gesat ginn. Dat wäert net fonctionéieren. Dir braucht Formatiounen."
 
Et bréicht een eng Beruffsschoul, esou d'Fuerderung vum Claude Reuter.

De Resumé vum Invité vun der Redaktioun mam Claude Reuter / Reportage Fanny Kinsch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.