Elektronesche Patientendossier gëtt verbessert
En Dënschdeg de Moie war d'Digitaliséierung am Gesondheetsberäich Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Den digitale Patientendossier entwéckelt sech ëmmer weider a kritt elo e richtege Push, sot en Dënschdeg de Moien de President vum Verwaltungsrot vun der Agence eSanté Marc Hostert. Bei ville Patienten an Doktere gëtt d’Digitaliséierung nämlech ëmmer méi normal.
All Patient huet esou en Dossier, deen awer nach muss vun engem selwer aktivéiert ginn. 1,2 Milliounen Dossiere gëtt et zu Lëtzebuerg an eng 200.000 dovunner ginn aktiv genotzt. Wann ee keen elektronesche Patientendossier wëll, kann een deen och zoumaache loossen. 0,16 Prozent hunn dat awer nëmme gemaach an d'Zuel géif weider no ënne goen, well wéi gesot d'Akzeptanz fir dat Digitaalt ëmmer méi zouhëlt.
Um digitale Rezept gëtt geschafft
D’Patientendossieren (DSP) sinn och ëmmer besser gefëllt. Elo scho fënnt een d’Bluttanalysen, d’Röntgen-, IRM-Biller an därgläichen. Et gëtt och un engem neien DSP geschafft, déi méi benotzerfrëndlech ass a wou den Dokter an de Patient nach besser kënnen dervu profitéieren. Am Hierscht oder Wanter dëst Joer soll den Zougang vereinfacht ginn. Et lafen och Aarbechte fir en digitaalt Rezept, also d’e-Prescriptioun.
Europäesche Patientendossier kënnt bis 2029
An Zukunft kéint den Dokter – mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz - scho virun enger Consultatioun e Resumé vum Patient sengem Krankheetsbild op sengem Bildschierm gesinn. Dat géif och administrativ Aarbecht ofhuelen an den Dokter kéint sech méi op seng eigentlech Aarbecht konzentréieren.
Bis de Mäerz 2029 muss och den Europäesche Patientendossier stoen. Un deem gëtt geschafft. Behandlungen am EU-Ausland gesäit een dann och am digitalen Dossier, respektiv en Dokter am Ausland huet och Zougrëff op den DSP.
PID huet ëmmer méi Succès mat aktuell 1.650 Dokteren
eSanté bekëmmert sech och ëm de PID, wann een also beim Dokter oder am Spidol keng Sue méi muss virstrecken. Dat hat Startschwieregkeeten, mä leeft elo ganz gutt. 1.650 Doktere vu ronn 3.500 géifen et elo benotzen. D'Demande wär do an d'Zuel géif all Mount an d'Luucht goen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.