E Méindeg de Moie war d'Situatioun vun de Bistroen, Restauranten an Hoteller Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Situatioun am Horesca -Secteur war de Sujet e Méindeg de Mueren am RTL-Interview, dëst mam Steve Martellini. De Generalsekretär vun der Horesca erkläert, dass et ganz ënnerschiddlech ass jee no Branche. Bei de Restaurante gouf et e plus vu 36 Betriber par Rapport zu 2019. Am Ganze ginn et der nach .. Zanter 2019 sinn 2 Hoteller bäikomm. Am Ganze sinn et der elo 196. A grad do wier d'Evolutioun ganz positiv. 2024 hat een 1.983.000 Iwwernuechtungen. Dat wier e Plus vu 7 Prozent par Rapport zu 2019.

Et ginn nach 470 Caféen uechter d'Land 

Suergekand sinn awer d'Caféë mat engem Minus vun 39 Etablissementer. Iwwreg sinn elo nach 470 Caféen. Virop um Land an zwar am Norden, mee och op der Musel géing ee gesinn, dass d'Caféen ëmmer méi séier verschwannen. An der Stad géing sech dat nach eenegermoossen halen. Schold wieren d'Margen, déi enorm erofginn. De Steve Martellini gëtt d'Beispill vum Béierpräis. Wann ee Béier fir 3.80 Euro an der Vente verkaf gëtt, géingen dem Cafetier, nodeems all d'Fraisen ofgehale gi sinn, ongeféier 11 Cent bleiwen. Wann een also reng mam Benefice vum Béier wéilt een onqualifizéierte Mindestloun bezuelen, misst ee 24.580 Béier de Mount verkafe respektiv 945 den Dag. Eleng dat wier jo schonn total onrealistesch, gëtt den Invité ze bedenken.

Nieft der Matière Première, déi ëmmer méi deier gëtt, wieren och d'Personalkäschten, d'Loyeren an d'Energiekäschten an d'Luucht gaangen. D'Regierung hätt jo op d'mannst mol versprach, sech un de Reseau-Käschte beim Stroum ze bedeelegen. Do géinge jo virop Picke gekuckt ginn. A grad am Horeca-Secteur géing ee voll an déi Zäiten drafalen, nämlech wann een opmécht; mëttes vun 12 bis 14 Auer an owes vun 18 bis 20 Auer.

Nei a séier Ausbildung an der Maach 

Och d'Penurie vum Personal mécht dem Horeca-Secteur ze schafen. Zanter Jore géing driwwer geschwat ginn, mee konkret hätt et nach keng Initiativ ginn. Dofir wier d'Horesca aktuell mat der Hotelsschoul amgaangen ze kucken, wéi een de Problem kéint léisen. Am Secteur hätt een nämlech dacks vill onqualifizéiert Salariéen an déi bräichten eng kleng Ausbildung. Zesumme mat der Hotelsschoul géing ee kucken, fir eng Formatioun vun enger oder annerhallwer Woch op d'Been ze stellen, wou een eng Basis kritt, fir da prett ze sinn, fir an de Betrib ze goen. Dat wier eng Plus-value fir de Betrib, ma och fir de Mataarbechter.

Statutt vum Independant verbesseren

 
Et wier wichteg, dass d'Leit an d'Politik sech dem Problem bewosst wieren. Et gouf leschte Mount jo och eng Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwert de Sujet. Ganz wichteg wier och, dass een iwwer Independante géing schwätzen. Et géing ee scho laang fuerderen, fir de Statutt vum Independant gläichzesetze mam normale Salarié. Do géingen et nach ze vill Inkoherenze ginn, kritiséiert de Steve Martellini. "Wann ee seet, "trau dech, maach dech selbstänneg", da muss een, ënnert dem Stréch Mol, wéi gesot, och eppes verdéngen. Dat ass d'Prämisse." Et géing awer aktuell nach ëmmer ze vill administrativen Opwand ginn an doduerch wier et schwéier, sech iwwer Waasser ze halen.

An de rezenten Diskussiounen ëm d'Sonndesaarbecht an d'Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten hätt sech d'Horesca net agemëscht, well een do souwisou schonn eng eege Reegelung iwwert e Gesetz hätt. A punkto Pensioune géing ee sech da vun der UEL, der Unioun vun den Lëtzebuerger Entreprisen vertriede loossen.

Nei Konventioun fir lokal Produiten ze promouvéieren

Et ginn awer och positiv Noriichten am Horeca-Secteur. Viru Kuerzem hätt een eng Konventioun mat der Chambre de l'Agriculture ënnerschriwwen, fir méi lokal a regional Produiten ze benotzen an och d'Produzente bei de Restaurateuren ze promouvéieren. Dacks wier et nämlech esou, dass Restaurateure guer net wéissten, wéi eng Produzenten et hei am Land iwwerhaapt ginn.
 

Invité vun der Redaktioun: Steve Martellini

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.