KI-QuizErkennt Dir, ob dës Videoe reell sinn oder net?

Martin Jonsson
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
D'Fortschrëtter an der Kënschtlecher Intelligenz schénge bal net méi opzehalen, a fake Videoe ginn ëmmer méi schwéier vun der Realitéit z’ënnerscheeden – erkennt Dir, wéi eng vun dëse Beispiller vu Lëtzebuerg echt sinn a wéi eng mat KI generéiert goufen?
© RTL Grafik

Mir si wäit komm zënter dem mëttlerweil klassesche KI-Video vum Will Smith, dee Spaghetti ësst. Och wann et eréischt gutt dräi Joer hier ass, datt dee Video fir d’éischt publizéiert gouf, hu mir Fortschrëtter gesinn, vun deene vill Leit éischter geduecht hunn, datt et nach vill méi laang géing daueren. Haut ginn et Modeller wéi Veo 3 vu Google a Sora 2 vun OpenAI, an et gëtt ëmmer méi schwéier, Computer-Fiktioun vun der Realitéit ze ënnerscheeden.

An dat gëtt och ëmmer méi wichteg. Well Bild- a Video-Modeller sech weider verbesseren a bannent Sekonne Material – esouguer Videoe mat Toun – kënne produzéieren, déi a ville Fäll bal net méi vun der Realitéit ze ënnerscheede sinn, sti mir um Rand vun enger Medielandschaft, an där d’Realitéit ganz einfach – fir politesch oder finanziell Zwecker – ka verfälscht ginn.

Eng rezent Etüd huet erginn, datt 20% vun de Videoen, déi neie YouTube-Notzer gewise ginn, mat KI generéiert sinn. KI-baséiert Kanäl géifen dobäi Milliounen u Recetten erzilen.

KI-generéiert Biller a Videoen ze erkennen ass haut net méi sou einfach, ewéi just Fanger ze zielen – mee et ass méi wichteg wéi jee a wäert an Zukunft nach vill méi wichteg ginn.

Genee an deem Kontext hu mir dëse Quiz zesummegestallt. D’Käschten, fir d’KI-Videoen an dësem Quiz ze generéieren, ware minimal (manner wéi 10 Euro) an et huet nëmme kuerz gedauert. Mir hu ganz bewosst net méi wéi dräi Upassunge pro Video zougelooss; mat bësse méi Aarbecht hätt een nämlech vill vun den Hiweiser, déi op KI hindeiten, nach kënne verschwanne loossen.

Kënnt Dir d’Wierklechkeet vun der Kënschtlecher Intelligenz ënnerscheeden? Maacht mat bei eisem Quiz a fannt et eraus.

Back to Top
CIM LOGO