Zesummestouss tëscht Auto a VëloD'Police sicht Zeien no engem Accident an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Leit, déi eppes iwwert de Verlaf vum Accident wësse, solle sech bei der Police mellen.
© RTL Archiv

En Donneschdeg de Moie géint 8:10 Auer koum et an der Diddenuewener Strooss an der Stad Lëtzebuerg, kuerz virun der Bréck Jean-Pierre Buchler, zu engem Verkéiersaccident tëscht engem Auto an engem Vëlo.

Well de geneeë Verlaf vum Accident nach an d'Ermëttlunge fält, sicht d'Police no Zeien, déi Informatiounen iwwert den Virgang vum Accident kënne maachen.

Persounen, déi den Accident observéiert hunn oder soss Indicen iwwert de Verlaf hunn, gi gebiede sech bei der Police vun der Stad Lëtzebuerg ze mellen, dat um (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail u Police.Capitale@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO