U15-WM am AserbaidjanÉischt Lëtzebuerger Nationalekipp op enger Futtball-WM

Pierre Weimerskirch
Bei der neier U15-WM zu Baku am Aserbaidjan ass d'FLF mat hirer U16-Formatioun vertrueden. Fir den Nationaltrainer Pol Hansen steet nieft dem sportleche Resultat virun allem d'Entwécklung vun de jonke Spiller am Mëttelpunkt.

Et ass eng Première fir de Lëtzebuerger Futtball. Bei der éischter FIFA U-15 World Cup & Festival ass och de Grand-Duché vertrueden. Ronn 190 Natioune kommen zu Baku zesummen, fir sech bei dësem neie Format mateneen ze moossen.

“Et ass déi éischt Weltmeeschterschaft, déi mer als Lëtzebuerg am Fussball bestreiden, och wann et elo ouni Qualifikatioun ofgelaf ass“, erkläert den U16-Nationaltrainer Pol Hansen am Interview.

D'FIFA huet déi nei Kompetitioun op d’Bee gestallt, dass sech jonk Talenter kënne weiderentwéckelen.

Am Géigesaz zum traditionelle Futtball gëtt zu Baku aacht géint aacht gespillt, also mat siwe Feldspiller an engem Golkipp. E Match dauert 40 Minutten. Och bei de Reegele gëtt et verschidden Upassungen.

Pol Hansen am Interview

Géint Géigner, déi ee soss kaum begéint

Fir d’Lëtzebuerger wier den Tournoi virun allem d'Méiglechkeet, sech mat Natiounen ze moossen, géint déi een am normalen internationale Programm kaum spille géif, esou den Nationaltrainer. Wat d’Ambitiounen ugeet, sou wëll een dat Bescht maachen.

“Mir wëlle probéieren, all Match ze spillen, fir de Maximum erauszehuelen.“

All Ekipp wäert mindestens néng Matcher spillen. All Ekipp kënnt an d‘Haaptronn. Den éischte vun all Grupp kënnt an de Grupp A, all 6. kënnt an de Grupp F. Da gëtt quasi eng K.o.-Phase „light“ gespillt. De Grupp A spillt fir d'Plazen 1-32, de Grupp B fir d'Plaze 33-64 asw. D’Lëtzebuerger Nationalmannschaft ass deemno och bis de Schluss vum Turnéier am Aserbaidschan.

D'WM kéint fir dat eent oder anert Lëtzebuerger Talent och sportlech nei Dieren opmaachen. An de leschte Jore wier et der FLF ëmmer besser gelongen, jonk Spiller bei auslännesche Veräiner ënnerzebréngen.

Pol Hansen am Interview

Nieft dem Futtball bleift och d'Schoul wichteg

Och wann d'Weltmeeschterschaft sportlech ganz seriö preparéiert gëtt, dierf een net vergiessen, datt et sech ëm ganz jonk Spiller handelt. Spillberechtegt sinn d'Joergäng 2011 an 2012. 14 Spiller gi mat op Baku, betreit gi se vu 6 Persounen, dorënner en Dokter, awer och e Schoulmeeschter. Well d’Spiller fir den Tournoi, dee vum 24. bis den 30. Oktober 2026 dauert, fir e puer Deeg vum Unterrecht fräigestallt ginn, solle si d'Méiglechkeet kréien, och no den Aufgaben ze kucken.

“Et ass wichteg, datt mer do gutt mat de Schoulen zesummeschaffen.“

Back to Top
CIM LOGO